Massif Central & Norditalienesch Alpen: Plazeweis bis zu 200 l/m² Reen/Schnéi

Am nordwestleche Mëttelmierraum ass erëm eng méi naass Period amgaangen, bei där definitiv net de ganze Nidderschlag als Reen erofkënnt – an den Alpe kann et zu uerdentlechem Neischnéi kommen.

Advertisement

D’Situatioun

Et ass amgaangen en Déifdrockgebitt vun de Pyrenäen eraus a Richtung Süditalien ze zéien. Op sengem Wee gi Nidderschléi mat gréissere Quantitéite widdert déi nordwestlech italienesch Alpen an och de Massif Central gedréckt – se stauen sech also op dëse Plazen. Kee Wonner, dass an de nächste Stonne gréisser Zomme wäerten zesummekommen.

Dem amerikanesche Wiedermodell no solle bis an de fréien Dënschdemoien eran an den Alpen, de Raum ronderëmt Turin, tëscht 80 a knapp 120 l/m² erofkommen. Den europäesche Modell ass mat tëscht 80 an 150 l/m² dobäi, iwwerdeems sech den däitsche Modell ICON méi um amerikanesche Modell orientéiert.


D’Quantitéiten bis an de fréien Dënschdemoien eran laut europäeschem Modell | Grafik: wxcharts.com

Wat elo de Massif Central ugeet, do rechnen d’Modeller op enger Sträif vun Avignon, Nimes, Velance bis bal op Lyon erop mat tëscht 30 a punktuellen 75 l/m².

Zumools an den Alpen kann e Groussdeel vum genannte Nidderschlag als Schnéi erofkommen. Den een oder anere Meter Neischnei ass also ze erwaarden.