Massiv Hëtztwell verlagert sech: Wéi eng Géigenden geschwënn betraff sinn

Déi massiv Hëtztwell, déi iwwer Südeuropa fir eng ganz Rëtsch nei Rekorder gesuergt huet, verlagert sech an de nächsten Deeg méi wäit an den Osten. Wou et elo iwwerduerchschnëttlech waarm gëtt, fannt Dir an dësem Artikel.

Advertisement

Peak vun der Hëtzt verlagert sech

Iwwert dem Gros vu Südeuropa ginn de Moment iwwerduerchschnëttlech Temperature gemooss, plazeweis ass et jo schonn zu enger Rëtsch Allzäitrekorder komm. Och an Afrika sinn d’Temperaturen de Moment méi héich wéi normal – obwuel et sech ëmt e souwisou waarme Kontinent handelt. Déi massiv Hëtzt verlagert sech an de nächsten Deeg méi wäit an den Oste vu Südeuropa, wat heescht, dass et demnächst ënnert anerem och am Balkanraum nach en Tick méi waarm gëtt.


D’Loftmassen op 1,5 km Héicht. Gutt ze erkennen ass d’Verlagerung vun der Hëtzt an den Osten | Animatioun: wxcharts.com

Zentralt Mëttelmier de Moment nach am meeschte betraff

De Kär vun den héchsten Temperature läit de Moment iwwert dem westlech-zentrale Mëttelmier. Muer um Sonnde ginn op Palma bis zu 37°C erreecht, och iwwert dem Rescht vu Spuenie si mir bei iwwer 35°C ënnerwee. Dëst ass zwar waarm, mee fir dës Géigend näischt aussergewéinleches. De Peak vun der Hëtzt huet sech also schonn e gutt Stéck méi wäit an den Osten verlagert.

Iwwert dem äusserste Norde vun Afrika mee och an Tunesien ass e Sonnden mat Maximaltemperature vu bal 50°C ze rechnen, wat fir dës Géigenden iwwerduerchschnëttlech ass – och wann et als “waarm Länner” ugesi gëtt.

Kucke mir eriwwer an Italien, wou op Sardinien bis zu 42°C kënnen erreecht ginn – besonnesch am Nordwesten am Raum Sassari. Immens waarm gëtt et och op Sizilien, wou e Sonnden tëscht 38 a 44°C erreecht ginn. Héichopléisende Modeller no si knapp westlech vu Catania bis zu 47 Grad méiglech, wat definitiv rekordverdächteg wier. Och de Rescht vu Süditalien kritt et mat bis zu 44°C ze dinn.

Mir mierken also, dass sech déi immens Hëtzt elo schonn zimmlech laang iwwert de méi oder manner selwechte Géigenden hält.

Peak an Italien, Verlagerung a Südosteuropa

Op Sardinien gëtt e Méinden de Peak erreecht, dat mat besonnesch am Osten lokaalen 47°C. De selwechte Wäert gëtt och fir den Oste vu Sizilien berechent. Iwwert dem Rescht vun Italien leien déi héchst Temperaturen e Méinde bei tëscht 40 a 45°C. Och iwwert dem Balkan gëtt et hëtzeg mat knapp 40°C.

En Dënschden ginn op Sardinien keng 40°C méi erreecht, de Peak ass also laanscht. Süditalien ass awer ëmmer nach mat dobäi, et kënnen ëmmer nach lokal Peaks vu 46°C erreecht ginn. Iwwer Serbien ginn deelweis bis zu 42°C berechent, och am Raum Plewen a Bulgarien soll et mat bal 43°C immens waarm ginn.

E Mëttwoch gëtt et iwwert dem Mëttelmierraum “normal” waarm, d’Thema Heat Dome verléiert do also u Relevanz. Déi massiv Hëtzt verlagert sech bis a Griicheland & d’Tierkei, wou 40 bis 45°C ze erwaarde sinn.