Massiv Onwiederlag an Deeler vu Spuenien a Frankräich ze erwaarden

Fir d’Balearen (also och Mallorca), d’Ostküst vu Spuenien an och de Süde vu Frankräich ass an de nächsten Deeg eng massiv Onwiederlag ze erwaarden. Et ka net nëmme bis em 300 l/m² reenen, mee och schwéier Stuermstéiss ginn en Thema.

Kill Atlantikloft trëfft op fiichtwaarem Mëttelmierloft

Vum Méinden un bis de Mëttwoch beweegt sech e grousst Héichdrockgebitt vum Atlantik erof mat séngem Kär a Richtung Azoren. Doduerch gi kill Loftmassen aus dem méi héije Norde bis erof an de Mëttelmierraum transportéiert, wou dës op fiichtwaarm Loftmassen trëfft. Doraus resultéierend forméiert sech e markant Déifdrockgebitt ongeféier ëstlech bis südëstlech vun der Küst vu Murcia a Spuenien. Dës Déif ass zwar net all ze grouss, mee ka plazeweis fir extrem Auswierkunge suergen. Well dat ganzt sech och nëmme lues virubeweegt, ass bis de Mëttwoch am laanscht d’Ost a Nordostküst vu Spuenien, de Süde vu Frankräich (Pyrenäe- Géigend) an och op de Balearen mat Onwieder ze rechnen.

D’Haaptgefor geet vum ville Reen aus, deen eroofkomme wäert. Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent bis de Mëttwochowend mat Quantitéite vu knapp iwwer 100 l/m² zu Mallorca, déi aner Inselen hätten dem Modell no tëscht 25 an 80 l/m² ze erwaarden. Méi markant soll et am Nordoste vu Spuenien zougoen, wou tëscht 150 an 205 l/m² optriede kënnen. Fir ze vergläichen: den däitsche Wiedermodell ICON gesäit dat Ganzt nach e bësse méi enk a berechent fir d’Balearen akkumuléiert Reequantitéite vun em 130 l/m², am Nordoste vu Spuenien (Raum Barcelona a nach méi wäit am Norden/Nordosten) sollen tëscht 150 an 250 l/m² falen. Ronderem Perpignan a Frankräich an do um Rand vun de Pyrenäen wiere lokal bis zu 350 l/m² dran.

D’Reequantitéite bis de Mëttwochowend (ICON / wxcharts.com)

(klicken fir d’Bild méi grouss ze maachen)

Links zu den offizielle Wiederwarnungen:
Spuenesche Wiederdéngscht | Franséische Wiederdéngscht

Schwéier Stuermstéiss ze erwaarden

Virun allem vum Dënschden un wäert sech och de Wand bemierkbar maachen. Dëse kann iwwert dem Mëttelmier Spëtzte vun 110 km/h, plazeweis och mol 125 km/h areechen – wat och en Afloss op Mallorca an d’Noperinsele wäert hunn. De Wellegang wäert staark sinn, deelweis kënnen d’Wellen tëscht 4 an 8 Meter héich ginn. Um Mëttwoch soll et awer laanscht déi franséisch Südküst (Marséille a méi wäit westlech) am ongemittlechste ginn – do si schwéier Stuermstéiss mat bis zu 130 km/h méiglech, ier sech d’Situatioun den Donneschden iwwerall lues a lues berouege wäert.