Massiv Onwiederlag: De Fuerplang fir en Donneschden fir BeNeLux & Däitschland

D’Onsécherheeten ënnert de Modeller ginn zréck, d’Wiederlag steet. Muer en Donneschde wäerten, virun allem bei eise Noperen, deels extreem Donnerwieder mam Risk vun alle méigleche Begleet-Phänomener optrieden. Wéi et, Stand elo, fir Lëtzebuerg steet, fannt Dir am Artikel eraus.

Advertisement

Chronologeschen Oflaf

Lëtzebuerg

Den Onwieder-System kënnt vu Südwesten hier eragezunn, also wäert et d’Gebitt ronderëmt Lëtzebuerg fir d’éischt beaflossen. Och wa bei eis, jee no Modell, och méi zolidd Saache méiglech sinn, leie mir definitiv net ënnert dem erhéichte Risk vun Tornadoen wéi e beispillsweis iwwer Däitschland ze fannen ass. De Risk ass natierlech net null, mee bei eis ass e net besonnesch erwäänenswäert.

D’Meenunge vun de Modeller ginn nach e bëssen auserneen, de “Konstrukt” steet awer trotzdeem a kann an ongeféier Géigenden agedeelt ginn. Um spéidere Mëttwochowend/an der fréier Nuecht op en Donneschden soll en Donnerwiedersystem iwwert dem nërdleche Frankräich leien, deen a Richtung zweet Nuetshallschent op Lëtzebuerg & BeNeLux duergezu kënnt. D’Meenungen iwwert déi genee Zäit gi nach auserneen, mee tëscht +/- 2 an 5 Auer sollen déi éischt Elementer vum Donnerwieder-Déif eis Géigenden erreechen. Iwwerdeems déi eng Modeller soen et wiere schonn Donnerwieder mat Stuermstéiss a méigleche Knëppelsteng, ginn et aner Modeller déi mol nach just “gewittriger Regen” berechnen, wou haaptsächlech eng méi laang Dauerreen-Phas soll ugoen. Dës ka sech bis an de Virmëtten/Mëtten eran zéien, iwwerdeems och nach de Risk besteet, dass sech eppes méi blëtzaktives kann entwéckelen. Wat et vun den zwou Zorte gëtt, kann ee leider net beäntferten bis et eben an eiser Groussregioun ukomm ass.


Grafik A. Déi ongeféier Agrenzung vun der Donnerwiederlag en Donneschden – nach net definitiv, mee ongeféier sou an der Aart sollt et geschéien

D’Nidderschlags-Intensitéiten ginn op tëscht 5 an 15 l/m² vun den zréckhaalendste Modeller gerechent, anerer gesinn besonnesch iwwert dem äusserste Nordweste vum Land de Risk fir enorm Zommen vun tëscht 40 an 80 l/m² an Zäit vun e puer Stonnen – ënnert anerem den ICON D-2 Modell. De schwäizer EZ-4 Modell vum Kachelmann berechent bis knapp 50 l/m² an der Nordhallschent vum Land, iwwerdeems virun allem d’Muselgéigend soll eidel ausgoen. De Globalmodell ECMWF ass fir de Norden mat punktuellen 33 l/m² ënnerwee, iwwerdeems de GFS, Stand aktuell, bis em 20 l/m² am Südweste gesäit.

Onsécherheet: Lokalmodeller rechne neierdéngs elo och fir den Owend spontan d’Gefor vu nach eenzelnen Zellen, déi sech a nach schmeiere Loftmasse kënnen entwécklen. Dobäi géif de Risk vu schwéierem Stuerm bestoen. Dësen Zenario ass, Stand aktuell, éischter onwarscheinlech – mee sollt dat ännere, gëtt dat ausféierlech kommunizéiert.

Fazit: Zu Lëtzebuerg gëtt et nëmmen e ganz schmuele Grat tëscht enger markanter Onwiederlag duerch de Reen & enger Situatioun, déi zwar punktuell méi markant kéint ginn, mee am grousse Ganzen net dem Onwieder-Status entsprécht. Wéi eng vun den zwou Varianten et gëtt, gesi mir eréischt, wann d’Situatioun bis amgaangen ass. Se ass net op déi liicht Schëller ze huelen, dohier bereet Iech einfach mol drop vir, fir egal wéi op der gewonnener Säit ze sinn.

Frankräich, Belsch, Holland

Iwwert de ganzen Dag verdeelt kënnt et enger Partie Modeller no zu méi kräftegen an onwiederaartege Reefäll, well d’Achs vum Déif net wäit dovun ewech verleeft. Gréisser Quantitéite bis 100 l/m² gi vu verschiddene berechent. D’Gefor vun Iwwerschwemmunge besteet. Dozou Grafik vun uewen a Betruecht zéien.

Däitschland

Iwwer Däitschland ginn et e puer Géigenden anzegrenzen. De méi nërdlëchen Deel (Ëmgéigenden Köln, Düsseldorf, Dortmund, Bielefeld, Hannover bis eriwwer op Meck-Pomm/Brandenburg). Dann eng Géigend déi vun Hessen aus bis op Thüringen verleeft an déi lescht wier e gréissere Beräich vum Nordoste vu Frankräich iwwert d’Südhallschent vun Däitschland bis an Tschechien eran.

LINK: Warnungen vum staatlechen däitsche Wiederdéngscht DWD

D’Zäiten ënnert de Modeller si nach net ganz fix, mee soubal d’Ausleefer vum Donnerwiedersystem duerch Lëtzebuerg sinn, breet sech d’Zon mam Risk fir immens schwéier Donnerwieder direkt op d’Mëtt an déi nërdlech Deeler vun Däitschland aus. Virun allem am Nomëtte kënnen dann vu Nordrhein-Westfalen & NRW hier bis ganz an de Nordoste vum Land schwéier Donnerwieder, dorënner Superzellen, entstoen. Dës kënnen immens laanglieweg ausfalen. All Superzell déi entsteet ass dozou kapabel, Knëppelsteng vun tëscht 2 a 5 cm ze generéieren. Och en Tornado ass méiglech. Immens heftege Staarkreen mat Iwwerschwemmungsgefor besteet och.

Vum spéidere Nomëtten u gëtt déi aner Zon iwwert dem Süden aktiv, wou vum Nordoste vu Frankräich aus bis iwwert d’Südhallschent vun Däitschland déi nächst massiv Entwécklungen ufänken. Extrem Donnerwieder, dorënner och Superzellen, sinn ze erwaarden. Ënnert dësen besteet, laut däitschem Wiederdéngscht DWD, de Risk vun immens grousse Knëppelsteng mat bis zu 7 cm am Duerchmiesser. Orkanstéiss bis 140 km/h si méiglech, dorënner och Tornadoen (Risk awer liicht manner héich wéi iwwert de méi nërdleche Géigenden).

Um spéideren Owend sollt d’Aktivitéit aus der gesamter Südwesthallschent eraus sinn, just nach e puer eenzel Schauer- oder Donnerwieder wieren dann nach dran. D’Onheel géif méiglecherweis tëscht Hannover, Kassel a Leipzig leien, wou de System da weider op Berlin duerchzitt – dat awer warscheinlech schonn ënner Ofschwächung.

Gesamt-Fazit

Eng fir Mëtteleuropa ongewéinlech Donnerwiederlag steet un – a se huet definitiv d’Potenzial eng vun de stäerksten aus de leschte Joren ze ginn. Et si ganz geféierlech Zenarie méiglech, mee et trëfft wéi ëmmer net jiddereen. Déi wierklech schlëmm Saachen triede meeschtens op zimmlech klengem a lokalem Raum op. Haalt d’Wiederwarnungen am Aen, egal ob Dir Iech en Donneschden zu Lëtzebuerg oder iergendwou an Däitschland ophalt.