Météo Boulaide mécht keng Abrëllsgecker iwwer imminent Wiederlagen déi ustinn, a sou och net zu den Temperaturen: Jo, d’Modeller rechne fir de kommende Weekend tatsächlech mat engem massive Virstouss u Wiermt. Wou et am wäermste gëtt, kucke mir eis an dësem Update un.
Advertisement
Wat féiert iwwerhaapt dozou?
Gëschter war den éischten Abrëll – an dowéinst gouf och déi markant News, dass d’Modeller e massive Wiermtvirstouss fir Mëtteleuropa gesinn, vu villen als en Abrëllsgeck opgefaasst. Mir betounen awer nach eng Kéier ausdrécklech, dass Météo Boulaide zu momentan relevante Wiederlagen ni en Abrëllsgeck bruecht huet/brénge wäert. Dofir ass d’Meteorologie dann dach awer en ze serieuxt Thema.
Also, wat geschitt dann do eigentlech? Et ass esou, dass d’Modeller zimmlech stabil der Meenung sinn, dass sech e kräftegt Déif vun den Azoren hier a Richtung brittesch Inselen verlagert. Zur selwechter Zäit läit en Héich iwwer Deeler vun Italien. Well Déifdrockgebitter géint d’Auer dréinen an Héichdrockgebitter am Auersënn, entsteet eng kräfteg südwestlech Stréimung. D’Loftmassen aus dem déiwe Südeuropa, jo esouguer Afrika, géifen dotëscht duerchgequetscht an esou riicht op Mëtteleuropa duer transportéiert ginn.
30 Grad zu Lëtzebuerg?
Also eppes kann ech Iech soen: Nee, de Moment gesäit et net zu 30°C fir Lëtzebuerg aus – eis Wäerter kucke mir eis geschwënn un. Mee: An eisen direkte Nopëschlänner gesäit et schonn erëm anescht aus: Am äusserste Südweste vu Frankräich sinn aktuellem Stand no 31°C ze erwaarden, d’selwecht awer och iwwert dem Zentralfrankräich am Beräich tëscht Bourges an Orléans. Zu Paräis wier et och waarm, Wäerter vun ëm 25°C wieren aus aktueller Siicht als realistesch ze betruechten.
An der Belsch wier e Maximum vu bis zu 25°C dran, un der Grenz zu Holland méiglecherweis och eng 27. Bei eisen däitsche Kolleege steet ënnert anerem de Südwesten am Fokus: Fir de Raum Freiburg ginn 28°C berechent, och Stuttgart wier esou e Kandidat. Markant wier et och fir de Raum Leipzig, dat mat änleche Wäerter.
Heiheem ginn de Moment Maximalwäerter vun tëscht 21 a 24°C berechent – dat ass zwar fréisummerlech, mee e Summerdag géif esou just net gemooss ginn. Sollt et awer zu kenge Stéierunge kommen, da kënnen awer lokal fläit een oder zwee Grad méi optrieden.
Saharastëbs mëscht sech schonn erëm an
Zwar ass et erstaunlech, dass sech d’Modeller esou wäit am Viraus iwwert eng Situatioun eenz sinn, an awer ass et selbstverständlech wann een dat Ganzt nach méi virsiichteg betruecht – an dat sollt een och. Sollten d’Modeller op hirer momentaner Schinn bleiwen, da misst een de Saharastëbs awer méi genee am Aen halen.
Wéi et de vergaangene Weekend nämlech schonn de Fall war, goufen d’Temperaturen duerch dësen nämlech staark gedrosselt. Fir de Fall vum kommende Samsde gesäit et schonn erëm no enger massiver Konzentratioun u Stëbs aus, déi am Laf vum Nomëtte géif bei eis ukommen. Dëst kéint dann op e Neits Auswierkungen op d’Loftmassen hunn – a fläit kéint soumat erëm d’Potenzial vun der Wiermt ëm e groussen Deel verréngert ginn. Dohier hale mir déi ganz Situatioun mol nach méi genee am Aen.
Fakt ass: Et wier vill ze waarm
An de leschte Joren ass et schonn mol heiansdo virkomm, dass et Enn Abrëll summerlech war. E gutt Beispill ass 2018, wou mir et vum 18. Abrëll un ëmmer erëm mat Wäerter vu 25°C an driwwer ze di kruten. De wäermsten Dag war den 20. mat 30,2°C zu Miersch.
Wa mir dat elo op Mëtteleuropa bezéien, an et géifen e Samsde wierklech esou héich Temperaturen un eenzelne Statioune gemooss ginn, da kënnen dat potenziell Rekordwäerter sinn. Dat deemools war an der zweeter Abrëllshallschent, déi rezent Situatioun wier awer fir de 6. Abrëll. Et wier also zanter Opzeechnungsufank nach ni esou fréi am Abrëll schonn esou waarm gewiescht.