Mat neier Technik: Rekordblëtz war 768 Kilometer laang

D’Weltorganisatioun fir Meteorologie (WMO) confirméiert zwee Blëtz-Rekorder, déi mat Hëllef vu neister Technik registréiert goufen.

Rekord fir de längste Blëtz

De 29. Abrëll 2020 louch iwwert dem Süde vun den USA e groussen Donnerwiedersystem (MCS = Mesoscale Convective System), dee sech iwwer Deeler vun Texas, Louisiana a Mississippi erstreckt huet. An dësem Donnerwieder huet sech e Blëtz entlueden, deen 768 Kilometer laang war – dëst huet d’Weltorganisatioun fir Meteorologie elo confirméiert.


An dësem Donnerwiederkomplex ass de bis ewell längste Blëtz gemooss ginn | Bild: NOAA

De Virgänger vun dësem Rekord war e Blëtz a Südbrasilien, deen ongeféier 60 Kilometer manner laang war, gemooss den 31. Oktober 2018.

Distanz mat eisen Dimensioune verglach

Op Mëtteleuropa iwwerdroe, wier dëse Blëtz sou laang gewiescht wéi d’Loftlinn-Streck vun der Stad Lëtzebuerg bis op Wien.


Grafik: luftlinie.org

Rekord fir déi längst Dauer vun engem Blëtz

De längste Blëtz war net den eenzege Rekord, deen elo als offiziell confirméiert gëllt. Och vun der Zäit hier gëtt et e neie Rekord: iwwer Uruguay a Nordargentinien huet sech e Blëtz wärend ganze 17,1 Sekonnen entlueden. Dëst ass 0,37 Sekonne méi laang wéi en anere Blëtz, dee sech de 4. Mäerz 2019 och iwwer Argentinien ereegent huet.

Dës Rekorder goufe mat Hëllef vu neister Satellitten-Technik gemooss. An de Jore virdrun gouf méi mat Methode geschafft, wou vum Buedem aus gemooss ginn ass. De Wëssenschaftler no ass et gutt méiglech, dass elo mat der neier Technik nach méi laang Blëtzer kënne gemooss ginn – an der Längt souwéi och wat d’Dauer ugeet.