Maximum vun de Perseiden: Mat Chance bis ëm 100 Stäreschnäizen d’Stonn

Den August ass net nëmmen de leschte Mount vum meteorologesche Summer, mee och nach d’Zäit vun de Perseiden – dem beléiftste Meteorstroum vum Joer.

Dëst Joer si se besonnesch gutt ze gesinn

Et ass erëm souwäit! Et ass August, a soumat huelen d’Perseiden erëm hir Plaz an de Medien an. Et ass de beléiftsten an aktivste Meteorstroum vum Joer – a gudde Jore kann een iwwer 100 Exemplairen an der Stonn bestaunen.

Bei engem Meteorstroum handelt et sech ëmt ee Stroum aus Partikelen a Stëbskären aus dem Weltall, déi an der Äerdatmosphär vergléien a net de Buedem beréieren. Am Fall wou dës Partikelen awer de Buedem erreeche sollte, schwätzt ee vun engem Meteorit. Dës Partikelen hunn hiren Uersprong meeschtens vu Koméiten – am Fall vun de Perseiden ass et den 109P/Swift-Tuttle. D’Aërd duerchflitt all Joer ëm déi selwecht Joreszäit de Schweif/d’Stëbswollek vum Koméit, wat dozou féiert, dass een zu dëser Zäit besonnesch vill Stäreschnäize kucke kann.

De Maximum vun de Perseiden zitt sech vum 12. August 16 Auer bis den 13. August um 05 Auer moies. Se sinn awer natierlech och un aneren Deeg ze gesinn – am Allgemenge lount et sech tëscht dem 11. an dem 13. August an den Himmel ze kucken – am beschte vu Mëtternuecht u bis kuerz viru Sonnenopgang. Dëst Joer hu mir de Virdeel, dass de Mount keng grouss Luucht ofgëtt; mir haten den 8. August nämlech Neimound. D’Konditioune fir de Meteorstroum ze kucke stinn also wat dat ugeet ganz gutt.

Wa mir schonn bei de Konditioune sinn, fir sech dat ganzt unzekucke, sollt ee sech am beschten op eng Plaz beginn, op där nëmmen e bësse bis guer keng Liichtverschmotzung virzefannen ass. Gutt Plaze sinn z.B. ausserhalb vun Uertschaften ze fannen – an dës sollten och sou zimmlech an all Richtung fräi sinn. Kuckt zu de genannten Zäiten a Richtung Nordosten, gären och mol e gutt Stéck méi héich um Himmel. Do ass nämlech d’Stärebild Perseus, an deem sech och de Radiant vun de Perseide befënnt – also dee Punkt, vun deem d’Stäreschnäizen ugeflunn ze komme schéngen.

Wéi ass et mam Wieder?

Astronomesch stinn d’Chance gutt, mee wéi ass et mam Wieder? Aktuellem Stand no hu mir et um fréie Mëttwochmoie mat e puer eenzelne Wollekefelder ze dinn, och Niwwel ass punktuell méiglech. An der Nuecht op den Donneschden, also do wou de Maximum ass, stinn d’Chance warscheinlech besser. Den Himmel ass kloer bis liicht wollekeg. An der Nuecht op den 13. August ass et géint Mëtternuecht warscheinlech nach méi wollekeg, ier et géint 04 Auer kuerz opkläre kéint.