Wéi e Sonnden ugeschwat, sinn an Tëschenzäit gréisser Quantitéiten u Reen a Schnéi am Mëttelmierraum erofkomm, och op Mallorca. Elo ass sech amgaangen e sougenannte Medicane (mediterranean hurricane) ze forméieren.
Satellittebild: windy.com
Vill Schnéi a Reen op Mallorca
De Gros vum Mëttelmierraum war an de leschte Stonne, wéi virausgesot, vu kräftege Schliet an och Stuerm betraff. Getraff huet et och d’Vakanzeninsel Mallorca, op där sech op den Erhéijunge Schnéiquantitéite vu bis zu engem hallwe Meter ugesammelt hunn. Op de méi nidderege Plazen huet et vill gereent, am Norde vun der Insel sinn 171 l/m² Waasser vum Himmel komm. Flëss sinn iwwergelaf an och soss koum et zu Iwwerschwemmungen. Kelleren an Tiefgarage si mat Waasser vollgelaf.
Elo forméiert sech e Medicane
Eng richteg Berouegung erwaart d’Géigend net, well sech elo och nach amgaangen ass e Medicane ze forméieren. D’Wuert Medicane setzt sech aus de Wierder “mediterran” an “hurricane” zesummen a beschreift e Stuerm iwwert dem Mëttelmier, deen aussertropesch esouwéi awer och tropesch Eegeschaften opweist. Wéi bei engem Hurrikan forméiert sech am Zentrum vum Stuerm och en Aen, wéi een et op der Foto hei drënner gesäit. E Medicane entsteet meeschtens am Hierscht wann d’Waasseruewerfläch 24 Grad oder méi waarm ass. De Moment ginn zwar keng esou héich Temperature gemooss, an awer huet sech mat Hëllef vun anere Viraussetzungen sou e Stuerm forméiert.
Vun der Intensitéit hier sinn Medicanes awer net wierklech mat richtegen Hurrikanen ze vergläichen. Vun de Wandvitesse kommen se éischter un d’Wandvitesse vun engem Tropestuerm, wat 63 bis 118 km/h entsprécht. Ofgesinn dovu brénge se awer a ville Fäll gréisser Reenzomme mat sech. Bis e Freide gi sech am Norde vu Sardinien & dem Südoste vun der Corse 70 bis 100 l/m² erwaart. Mat Chance kënnt dat meescht dovun iwwert dem Waasser erof. Wandméisseg muss ëmmer nach mat Stuermstéiss gerechent ginn, besonnesch e Freide kann et op den Erhéijungen zu Vitesse vun 120 km/h kommen.