Medicane DANIEL: Stuerm a Libyen u Land gaangen, méi wéi 2000 Doudesaffer duerch extreeme Reen gefaart

Den DANIEL, deen an de leschten Deeg Deeler vu Griicheland, der Tierkei an och Bulgarien ënner Waasser gesat a ganz grousse Schued ugeriicht hat, ass gëschter a Libyen u Land gaangen. Soziale Medie no solle méi wéi 2000 Mënschen ëmkomm sinn.

D’Katastroph hëlt hire Laf

Et si schlëmm Norichten, déi an de leschte Stonnen aus Libyen kommen: D’Informatioune si nach net grad bei den europäesche Medienhaiser ukomm, mee ganz ville Meldungen op Social Media no ginn a Libyen elo méi wéi 2000 Doudesaffer gefaart an eng weider gréisser Zuel u Blesséierten esouwéi och Vermëssten.

Enger Wiederstatioun no huet et am Norde vum Land méi wéi 400 l/m² gereent. Dobäi muss ee bedenken: Et handelt sech heibäi ëmt e Wüsteland, an dem et am September normalerweis just 3 l/m² reent. Schroe Biller aus de soziale Medien no si ganz Deeler vun de Stied ewechgeschwemmt ginn – kee Wonner, wann de Sandbuedem nogëtt. Elo, wou sech d’Wieder lues a lues berouegt, gëtt d’Ausmooss vun der Naturkatastroph eréischt richteg siichtbar.

Et handelt sech heibäi ëmt dat selwecht Déifdrockgebitt, wat iwwer Griicheland, Deeler vun der Tierkei an och Bulgarien fir grousse Schued a virun allem extreem vill Reen gesuergt hat – iwwer Griicheland ware plazeweis méi wéi 1000 l/m² Reen erofkomm – esou vill wéi heiheem an Zäit vun engem Joer. Den DANIEL huet sech duerno weider a Richtung Süde verlagert, wou e kuerzzäiteg esouguer tropesch Eegeschafte konnt unhuelen – e sougenannte Medicane (Mediterranean Hurricane). Gëschter Owend ass en dunn a Libyen u Land gaangen an huet ebe nieft dem ville Wand virun allem duerch de Reen fir eng Katastroph gesuergt.