Medicane forméiert sech: Onwiederserie op Sizilien geet virun

Op Sizilien kënnt et zanter dem Méinden zu schroen Iwwerschwemmungen, esouguer de Stroum ass plazeweis ausgefall. Elo ginn et weider schlecht Aussiichten fir déi gréisst Insel am Mëttelmier.

Zwee Mënschen ëmkomm

Déi schro Onwieder hunn zanter dem Méinden zwee Mënscheliewe gefuerdert – déi zwee Fäll sinn op déi schro Iwwerschwemmungen zréckzeféieren, déi duerch d’Onwieder zustane komm sinn. Déi weider Aussiichte si net all ze gutt: de Wiedermodeller no forméiert sech de Moment e sougenannte “Medicane”, also en hurrikanaartege Stuerm iwwert dem Mëttelmier (Mediterranean Hurricane). Se weisen änlech Eegeschaften op wéi en Tropestuerm a kënne jee no Entwécklung och en Aen am Zentrum ausbilden.


Et ass mat weideren Iwwerschwemmungen ze rechnen | Grafik: wxcharts.com

Iwwert dem südleche Mëttelmier huet sech dat besot Déifdrockgebitt schonn forméiert, wat sech an de nächste Stonnen an Deeg ëmmer weider verstäerke wäert. Dat ass ënnert anerem op déi héich Waasseruewerflächentemperatur zréckzeféieren (de Moment duerchschnëttlech 23 Grad). Um spéideren Donneschdenowend sollen déi éischt Reebänner vum Medicane op d’Insel treffen, ier de Kär vum Stuerm bei Catania u Land goe soll. Dem europäesche Wiedermodell ECMWF no soll an der Zäitspaan vun der Nuecht op de Freide bis an d’Nuecht op de Samsden tëscht 60 an 130 l/m² Reen erofkommen, wat fir weider Iwwerschwemmunge suerge géif. Ënnerstrach ginn dës Quantitéiten och vum amerikanesche GFS, woubäi dësen de meeschte Reen mat wäit iwwer 100 l/m² awer méi a Ricthung Messina gesäit. Den däitschen ICON berechent e richtege Worst Case mat lokal méi wéi 200 l/m².


De Stuerm a Punkto Wandvitessen dem europäeschen ECMWF no | Animatioun: wxcharts.com

Wat de Wand betrëfft sollen um Freiden orkanaarteg Wandstéiss vu bis zu 110 km/h am Raum Catania an Messina optrieden, den ECMWF ass der selwechter Meenung. Den däitschen ICON gesäit un alle Küsten am Oste vun der Insel Orkan mat méi wéi 140 km/h.