Méi wéi 150 Kilometer Stau duerch 1 – 2 cm Schnéi am Groussraum Paräis

Zu Paräis an Ëmgéigend ass an de leschte Stonne plazeweis guer näischt méi gaangen, dat duerch Schnéi a veräist Stroossen.

Titelbild: Fotoe via @InfosFrancaises op X

Massiv Stéierungen am Stroosseverkéier

Zu Paräis an Ëmgéigend koum et an der Nuecht duerch Schnéifall zu massive Stéierungen am Verkéier. Op den Autobunnen a Landstroossen goufen 150 Kilometer Stau gemellt. Duerch net all ze grouss Schnéiquantitéiten a veräist Stroossen koum et zu villen Accidenter, eng Partie Stroossen hu misse gespaart ginn.

Och bis an d’Normandie eran huet et e bësse geschneit.

Ausléiser fir de Schnéi war/ass eng Stéierung a Form vun engem schwaachen Déif, wat de Moment um Wee fir raus op den Atlantik ass. Déi vereenzelt Schnéischaueren an dat Schnéi-Gegrimmels, wat gëschter plazeweis zu Lëtzebuerg opgetrueden ass, ass och op dës kleng Stéierung zréckzeféieren.

Am Laf vum spéideren Owend schéckt eis dës Stéierung op e Neits e puer Wolleken op Lëtzebuerg. Et ass net all ze warscheinlech, mee den een oder anere Modell gesäit erëm e puer vereenzelt a net grouss relevant Flacken op eis duerkommen.