Méiglechen Tornado zu Biissen (29.06.2024): Ausféierleche Rapport verëffentlecht

Mir hunn eis intensiv Recherchen aus de leschte Wochen zu engem gréissere Rapport zusummegedroen. Eendeiteg Rotationsspuren um Buedem deiten op en Tornado hin, wat awer elo vun däitschen Experte weider ageschat muss ginn.

Advertisement

Indicen weisen op en Tornado hin

De 29. Juni 2024 ass en zolidd Onwieder iwwer Lëtzebuerg ewechgezunn. Besonnesch am Südweste vum Land ass duerch Iwwerschwemmunge grousse Schued ugeriicht ginn, mee och de Wand war e grousst Thema. Dësen war op breeder Fläch aktiv, huet sech awer am weidere Verlaf no a no méi op déi zentral an ëstlech geleeë Géigende vum Land fokusséiert. Bei Biwer (Breinert) koum et zu engem éischten Tornado-Verdachtsfall, deen bis dato als “severe wind” an der European Severe Weather Database agedroen ass. Well et un zäitnoen Analysen vu Fachleit op der Plaz gemangelt huet, wäert dëse Fall wuel ni kënne confirméiert ginn. Baséierend op Zeienaussoen, Fotoen a Radarbiller hu Mataarbéchter vum Däitsche Wiederdéngscht DWD de Fall als plausibel agestuuft, dohier huet den ESWD d’Meldung mat “it is possible that this was a tornado” versinn.

Zu Biissen gouf et unhand vu Radardonnéeën a Fotoe vum Schued nach méi däitlech Indicen op en Tornado. Mir hunn eis den Dag drop direkt op de Wee gemaach fir d’Analysen unzefänken an hunn eis an de leschten dräi Wochen domat beschäftegt, en ausféierlechen Rapport iwwert de Fall ze schreiwen. Am Laf vun der Analys sinn eis ëmmer méi Spuren, déi ganz däitlech op Rotatioun hindeiten, opgefall. Mir konnten eng ongeféier Lafbunn vum méiglechen Tornado an och sengem Aflossberäich identifizéieren, wat genee mat den Donnéeë vum Wiederradar iwwerteneestëmmt. Et ass als warscheinlech anzestuufen, dass en en Tornado war – déi definitiv Entscheedung de Fall ze confirméiere läit awer elo bei däitschen Tornadofuerscher- an Experten.

Rapport: Untersuchung eines mutmaßlichen Tornados in Bissen (PDF, 12,6 MB)