Méinden: Deels kräftege Schnéifall, mee wéi vill bleift leien?

An Tëschenzäit ass et zimmlech sécher, dass eis e Méinden en Ofschnëtt mat Schnéifall, deels och méi staarkem, erwaart. D'Fro déi een sech elo stellt ass, wéi vill dovun dann leie bleift.

D’Modeller bleiwe beim Schnéi

Bis ewell hat et sech éischter ëmt eng Modell-Iddi gehandelt, mee an Tëschenzäit kann een schonn méi warscheinlech dovun ausgoen, dass et e Méinde méi kräfteg schneit – an dat net nëmmen op de Koppen. Wéi mir et an de leschten Deeg awer och gesinn hunn, bedeit Schnéifall awer net direkt, dass och wierklech grous eppes dovu leie bleift. An dësem Artikel kucke mir eis déi eenzel Punkten un an zéien e Fazit.

De viraussiichtlechen Oflaf

Dem neiste Modellstand no läit d’Schnéifallgrenz um fréie Méindemoie bei ongeféier 250 bis 300 Meter. Iergendwann tëscht 6 a 9 Auer sollten aus Westen esou lues déi éischt Nidderschléi op Lëtzebuerg ausgräifen a sech am Laf vun de Stonne breetmaachen. Op de meeschte Plaze geschitt dat also a Form vu Schnéifall a Schnéireen. Déi meescht Modeller si mol nach dovun averstanen, dass bis ëm 13 Auer de Schnéifall dominéiert, ier d’Schnéifallgrenz uerdentlech ufänkt ze klammen. Fir déi Stonnen drop rechne just nach eenzel Modeller domat, dass et esouguer bis an de Feierowendverkéier eran méi kräfteg soll schneien, wat sécherlech keng esou flott Auswierkungen hätt.


Een vun de méiglechen Ofleef laut dem europäesche Wiedermodell | Animatioun: wxcharts.com

Et leeft also dem neiste Stand elo dorop eraus, dass mir zwou Varianten hunn. Där enger no schneit et bis an de ganz fréie Nomëtten eran ier alles no a no a Schnéireen a Reen iwwergeet (op de Koppen op iwwer 450/500 Meter schneit et dann souwisou am längste virun, och doriwwer eraus), an där anerer no hu mir et allgemeng nach bis an de spéidere Nomëtten/Owend era gréisstendeels mat Schnéifall ze dinn.

An der Nuecht selwer, also wa mir op d’Récksäit vun eisem Schnéidéif geroden, kommen erëm fraschteg Loftmassen op Lëtzebuerg. Déi naass Biedem riskéieren also ze fréieren, wat bedeit, dass an der Nuecht op den Dënschden d’Gefor vu glate Stroosse besteet.

D’Héichten dem aktuelle Stand no

Am leschten Update ware mir op de Fazit komm, dass tëscht 2 a 7 cm warscheinlech wieren. Wéi huet et sech zanterdeems geännert? D’Schnéihéichten bis de Méindenowend 18:00 Auer:

Nordhallschent

  • GFS: 2 – 5 cm
  • ECMWF: 1 – 5 cm
  • ICON-EU: 0 – 2 cm
  • ARPEGE: 8 – 13 cm

Moyenne: 2,75 – 6,25 cm

Südhallschent

  • GFS: 1 – 3 cm
  • ECMWF: 0,5 – 2 cm
  • ICON-EU: 0 – 0,5 cm
  • ARPEGE: 3 – 6 cm

Moyenne: 1,13 – 2,9 cm

Fazit

Domat gesot kann een also dovun ausgoen, dass d’Schnéihéichten, op d’mannst kuerzzäiteg, bei tëscht 1 a 6 cm kënnen ausfalen. Duerch d’Erwiermung am Nomëtte kann et sinn, dass op ville Plazen am Süden no kuerzer Zäit schonn erëm näischt méi ze gesinn ass.

Bei dëser Wiederlag ass net d’Schnéihéicht u sech dat relevantst, mee de Risk vu glate Stroossen.