Méinden: Showdown vun der Donnerwiederserie

Um Méinden besteht rem de Risk vu lokal staarke Schaueren an Donnerwiederen. Den Ënnerscheeed: Ët kënnt méi Beweegung an d’Spill an duerno gëtt ët och méi kill, soudass déi allgemeng Donnerwiedergefor déi Deeg drop ofhuele wärt.

Donnerwiederfront méigleg

Aktuell Wiedermodeller rechnen am Verlaaf vum Nomëtten mat enger Donnerwiederfront, déi aus südwestleche Richtunge bei eis eropgezu kënnt. Sollt et wierklech dozou kommen, da wiere Stuermstéiss, grouss Knëppelsteng an och zolitte Reen méigleg. Och wann d’Zelle méi séier ënnerwee wärte sinn wéi an de leschten Deeg, kann et a kuerzer Zäit zu erhiefleche Reenzomme kommen. Lokal dierft also da rem de Risk vun Iwwerschwemmunge bestoen. Mee wéi sëcher ass dës Prognos? Hei de Modellvergläich:

GFS

Um GFS Modell si gréisser Nidderschlagsflächen ze erkennen, déi op gréisser Systemer hindeiten. Daat sinn déi méigleg Donnerwiedersystemer, déi muer entstoe kënnen.

ICON

Dem ICON no zitt eng Donnerwiederfront an eis Géigenden an eng an de Süde vun Däitschland eran. Déi déi an Däitschland zitt soll dobäi eng däitlech méi héich Intensitéit hunn wéi déi an eiser Groussregioun. Grouss Knëppelsteng an Orkanstéiss sinn a Süddäitschland méigleg.

ARPEGE

Och den ARPEGE rechent mat däitlecher Donnerwiederaktivitéit an eise Géigenden an huet dobäi déi méi staark Front, déi vum ICON iwwert dem Süde vun Däitschland berechent gëtt, nët dran.

HIRLAM

Den HIRLAM huet staark Nidderschlagsechoen dran an deit déi zwou méigleg Donnerwiederfronten (eng an eise Géigenden, eng am Süde vun Däitschland) nëmme grob un.

AROME

Den AROME rechent ab dem Nomëtten mat enger Onwiederfront vir Lëtzebuerg, gläichtäitëg awer och mam Impact vun enger anerer Donnerwiederfront am Süde vun Däitschland. Och dëse Modell ass der Meenung, dass déi Front an Däitschland däitlech méi hefteg ausfaale wärt. Stuerm- bis Orkanstéiss gi souguer simuléiert.

HARMONIE

Dem HARMONIE no zéie staark Donnerwiederen an d’Lëtzebuerger Géigend. Dobäi muss virun allem mat Staarkreen, Knëppelsteng a Wand gerechent ginn.

FAZIT

All erwähnte Modell rechent muer mat enger méi oder manner staarker Onwiederlag. Wann een de Schnëtt hëllt, da wier folgendes am wahrscheinlechsten:

Nach virun der eigentlecher Front kënnen am BeNeLux-Beräich souwéi iwwert dem Süde vun Däitschland präfrontal Donnerwiederen optrieden. Spéiderhin, bei Ukonft vun der Front an der Lëtzebuerger Groussregioun, wärt et bëssen daueren ier se sech awer scho rem ofschwächt. Trotzdem kann et zu Knëppelsteng, staarkem Wand bis Stuermstéiss an zolittem Reen kommen. Punktuell besteht Iwwerschwemmungsgefor. Bis an de spéiden Owend oder an d’Nuecht eran kéim et dann awer zu Dauerreen, deen och mol onwiederartëg ausfaale kéint. Déi Front, déi iwwert dem Süde vun Däitschland entstaanen ass, wärt méi laangliewëg sinn. Dës kann en egestännëge System bilden, méiglegerweis en MCS oder MCC, dee mat Stuermstéiss bis Orkanstéiss a Richtung Südostdäitschland weiderzitt. Am Beräich vun där Front muss mat grousse Knëppelsteng, deels souguer bis 5 cm am Duerchmiesser gerechent ginn. Duerch grouss Reenzommen a kuerzer Zäit wieren och rem Iwwerschwemmungen dobäi.

Convective Outlook (Klick vir Détailer)

Ech recommandéieren Iech, d’Wiederwarnungen an d’MB Facebooksäit am Aen ze behaalen, den Himmel awer och.