D’Météo um 7: Geschwënn kleng Reepaus & en ze waarme Mäerz

Duerch de Reen wierkt et zwar grad net esou, mee eng kleng Paus dovun erwaart eis awer schonn. Thema gëtt awer och en ze waarme Mäerz, dat mat Wäerter vu gëschwenn bis zu 17°C.

Advertisement

Mir geroden erëm ënnert eng méi waarm Stréimung, iwwerdeems de Reen och eng ganz kuerz Paus aleet. Vum Freiden u gëtt et duerch eng Kalfront erëm méi onbestänneg, weiderhi ginn ënnert anerem och eenzel Dimmere berechent.