Meteorstroum: D’Quadrantiden schéissen iwwert de Lëtzebuerger Himmel

No den zwee décke Feierbäll, déi virun e puer Deeg iwwert eisen Himmel gedüst sinn, sinn de Moment all Nuecht zimmlech vill Stäreschnäizen ze gesinn. Et handelt sech ëmt de Meteorstroum vun de “Quadrantiden”.

Advertisement

D’Äerd duerchflitt de Schweif vun engem Asteroid

Meteorstréim ginn et iwwert d’Joer verdeelt ëmmer erëm, déi eng si just méi staark wéi déi aner. D’Basis ass awer an de meeschte Fäll déi selwecht: D’Äerd duerchflitt de Schwäif vun engem Asteroid. D’Partikelen a Stëbskären an dësem Schwäif ginn an eiser Äerdatmosphär als Stäreschnäize siichtbar, wann d’Äerd dëse passéiert. Dass do och erëm déi eng oder aner gréisser Stäreschnäiz ka mat dobäi sinn, ass natierlech ni ausgeschloss.

Bis zu 110 Exemplarer d’Stonn

Bei ideale Konditiounen, haaptsächlech op d’Wieder zréckzeféiere, kann een duerch de Meteorstroum vun de Quadrantiden de Moment bis zu 110 Stäreschnäizen d’Stonn gesinn. Well awer net alles ideal ass, kann een do natierlech e gewëssenen Deel ofzéien – an awer: Stäreschnäize gesäit een dëser Deeg an enger däitlech méi héijer Fréquenz wéi soss, wa mir net grad an engem Zäitraum sinn, an dem d’Äerd erëm duerch en Asteroideschwäif flitt.

Den Maximum vun de Quadrantiden war zwar schonn elo an der Nuecht op haut, an awer kann een se ëmmer nach bis den 12. Januar um Nuetshimmel bewonneren. Fir dat bescht Resultat ze hunn, muss natierlech d’Wieder stëmmen. E kloren Himmel gëtt gebraucht. Dat zweet ass, dass een sech fir d’Saach ze observéieren aus dem Duerf oder der Stad erausbeweege sollt, wéinst der Liichtverschmotzung. Sicht Iech déi däischterst Plaz eraus déi Dir fanne kënnt. Wann dann d’Wieder och nach stëmmt, kënnt Dir de Maximum aus Ärer Beobachtung eraushuelen.

Bléckrichtung & Zäiten

Soubal et däischter gëtt, sinn se ze gesinn. Am meeschte Sënn mécht et awer vu Mëtternuecht un, well sech do de Radiant vum Meteorstroum ëmmer méi wäit vum Horizont an den Himmel eropbeweegt. Géint Mëtternuecht steet de Radiant a Richtung Nordosten, net all ze wäit iwwert dem Horizont. A Richtung 4 a 5 Auer moies steet en schonn e Stéck méi héich, dat a Richtung Ost-Nordosten. Kuerz ier d’Sonn opgeet sinn astronomesch gesinn d’Konditiounen am beschten, dat mat Bléck a Richtung Osten. De Radiant läit dann an enger Erhéijung vu 70° (Wénkel ausgoend vum Horizont no uewen).

D’Wieder

D’Wieder hu mir jo schonn ugeschwat… mee wéi gesäit et aus? Elo zu den Zäite vum Maximum vun de Quadrantiden kréie mir et duerch déi momentan Westwiederlag schwéier gemaach, Momenter ze erwësche, bei deenen den Himmel kloer ass oder einfach nëmmen e puer Lächer opweist. An der Nuecht op den Donneschden zéie nämlech ëmmer nach Wolleken duerch an esouguer Niwwelfelder kënnen de Bléck an den Himmel erschwéieren. D’Chance op eenzel Wollekelächer sollt an der Nuecht op de Samsden erëm e bësse méi héich ginn, mee och dann hätte mir ëmmer nach keng optimal Konditiounen.