De Wochenausbléck: Mëtt der Woch kuerz méi kill

Och dës Woch hu mir et rem haaptsächlech mat déiwem Loftdrock ze dinn – just Mëtt der Woch ka sech kuerzzäiteg méi rouegt Wieder breet maachen, wat awer kee Garant fir sonneg Momenter ass.

Et gëtt gläich (kuerz) manner mëll

Ufanks der Woch hu mir en Héich iwwer Portugal a Spuenien an en Déif, wat vum Atlantik hier a Richtung britesch Inselen zitt. Iwwerdeems hunn och mir et haaptsächlech mat déiwem Loftdrock ze dinn, wouduerch et meeschtens gro, naass an och lefteg wäert sinn.

Um Mëttwoch gëtt den déiwe Loftdrock rem kuerz vun engem Héichdrockgebitt aus eise Géigende verdrängt, wouduerch och rem méi kill Loftmassen aus dem méi héije Norde bis bei eis fannen. Dëst ass awer net vu laanger Dauer, well den Donneschde sech viraussiichtlech en Déif iwwert de briteschen Insele positionnéiert an en Héich iwwer Südeuropa. Duerch dëst Zesummespill géif rem däitlech ze mëll Loft aus dem Südweste vum Kontinent d’Iwwerhand kréien, wat weiderhi net fir wanterlecht Wieder schwätze géif.

Enn der Woch méiglecherweis rem méi waarm (GFS – wxcharts.com)

Mëlle Start a weiderhi lefteg

De Méinde starte mir mat Wolleken a plazeweis och Niwwelfelder an déi nei Woch eran. D’Temperature leien tëscht 4 an 8 Grad. Bis an de Nomëtten era packe se et op 6 bis 9 Grad, also net all ze wäit. De Wand ass spierbar ënnerwee, staark gëtt en awer net. An de Spëtzten ass mat 45 km/h aus Westen ze rechnen. Et kënnt zu e puer vereenzelte Schaueren, méi laang um Stéck sollt et awer net reenen. Um Owend erwaart eis eng méi drëche Phase, ier a Richtung Dënschdemoien de Reen zréck kënnt.

D’Fréitemperaturen um Dënschde leie bei 5 bis 8 Grad a packen et am Nomëtten op 7 bis 11 Grad. De Wand gëtt rem interessant: duerch e Randdéif gëtt et mat Wandspëtzte vun em 65 km/h rem méi lefteg bis plazeweis stiermesch. De méi laang unhaalende Reen aus dem Moien a Virmëtte gi mir am Laf vum Mëtte lass, et kënnt héchstens nach zu e puer vereenzelte Schaueren. Dotëscht ass och e sonnege Moment méiglech. Bis an d’Nuecht era bleift dëst de Fall.

Méiglechkeet vu Frascht an de Nuechten

Mëtt der Woch gerode mir ënner Héichdrockafloss, wat och d’Wahrscheinlechkeet vu Niwwelfelder an d’Luucht dréckt. Dohier kann et alt rem mol de Fall sinn, dass sech de Niwwel net iwwerall opgeléist kritt an et de ganzen Dag éischter gro bleift. Um Mëttwoch hu mir sou eng Situatioun, dat bei 5 bis 9 Grad. De Wand ass rem méi schwaach ënnerwee a keen Thema méi. An der Nuecht op den Donneschde si just nach puer eenzel Wolleken ënnerwee, duerch Temperature no bei 0 Grad kann et awer och mol unzéien a glat ginn. Och den Donneschde selwer kéint en zimmlech niwwlegen Dag ginn ouni weider Nidderschléi, dat bei 5 bis 8 Grad.

An den Deeg drop ännert sech d’Situatioun net wierklech. Et geet mat ville Wolleke weider, Nidderschléi sollen awer – Stand elo – éischter vereenzelt optrieden. Den Iwwerbléck mat der Wochen-Usiicht fannt Dir hei.