Mëtt der Woch: Lëftëg a gutt naass

Gëschter um Méinden haate mir e ganz agréablen Daag. Sonn a Wollécken hu sëch den Himmel gedeelt, dobäi goufen uechtert Land Héchstwerter vu rondrëm 10 Grad ereecht. Haut a muer bleift ët zwar éichter mëll, mee ët gëtt vill méi gro an och méi naass.

Den Daag vun haut ass eigentlëch séier beschriwwe: Ët ass vum Virmëtten un déi meecht Zäit wolléckëg, dobäi kann ët virun allem vum Mëtten/fréie Nomëtten un plaatzeweis méi staark reenen. De Wand ass nach éichter rouëg bei 40 km/h.

Den interessanten Deel kënnt de muer um Mëttwoch: Vu Westen a Richtung Osten passéiert eis eng Kaalfront. De Kär vum klengen Déif kéint eventuell och direkt iwwert eis ewechzéien. Ët wärt de ganzen Daag laang bedeckt bleiwen, staarke Reen ass méi wahrscheinlëch wéi um Dënschden. Nët nëmmen de Reen ka plaatzeweis en Thema ginn, mee och de Wand. Während dem Passage vum Frontesystem kënne nämlëch zäitweis Spëtzte vu bis zu 70 km/h nët ausgeschloss ginn. Modellrechnunge no si vun haut bis den Donnëschdemoien zwëschen 13 an 23 l/m² Reen méiglëg.

Wandentwécklung haut um Dënschden souwéi och muer beim Kaalfrontduerchgang. Stand: 26.03.2018 – 21:15h Modell: GFS
Grafik: wxcharts.eu

Manner wahrscheinlëch, mee awer nët auszeschléissen ass folgendes: Hannert der Kaalfront fléisse méi kill Loftmassen eran, soudass ët an der Nuecht op den Donnëschden enk begrenzt mol zu Flacke komme kann. D’Temperature géifen dee Moment och, virun allem am Norden, an de liichte Minusberäich rëtschen. Vill Schnéi wier nët ze erwaarden, just glaat Stroosse kënne mol virkommen.

D’Wieder bleift an de nächsten Deeg also interessant. Elo bleift just ze hoffen, dass sëch den Trend vun de méi waarmen Temperaturen, op deen ech gëschter opmierksam gemaach hunn, an de nächsten Deeg confirméiert.