Mëtteleuropa: Omega-Wiederlag kéint geschwënn fir 30 Grad a méi suergen

No den éischte Summertemperaturen an eiser Ëmgéigend an och bei eis doheem kéint et geschwënn nach e gutt Stéck méi waarm ginn.

Omega-Wiederlag méiglech

Zu Lëtzebuerg ass gëschter um Méinden den éischte meteorologesche Summerdag vum Joer 2022 registréiert ginn – elo gläich kéint do nach uerdentlech eppes nokommen, wat net nëmmen eis mee grouss Deeler vu Mëtteleuropa betreffe géif.


D’Omega-Wiederlag an de Kaarte vun der nächster Woch | Grafik: wxcharts.com

Den aktuelle Modellkaarte no kéint sech vum Sonnden un eng sougenannt Omega-Wiederlag iwwert dem europäesche Kontinent breetmaachen. Dës Wiederlag beschreift d’Phänomen vun engem Héichdrockgebitt, wat vun déiwem Loftdrock blockéiert gëtt a soumat nëmme lues oder guer net vu Plaz kënnt. An dësem Fall hätte mir en Déifdrockgebitt iwwert dem Atlantik a nach eent iwwert dem skandinaveschen a russeschem Raum. Dotëscht wier dann eist Héichdrockgebitt ageklemmt, wat duerch d’Stréimungsmuster ëmmer erëm waarm bis summerlech Temperaturen an eis Géigenden eroppompele kann.

ECMWF: Méi wéi 30 Grad net ausgeschloss

Den europäesche Wiedermodell ECMWF ass a Saachen Temperaturen immens optimistesch ënnerwee a gesäit schonn fir de Méinden e Maximum vu bis zu 30 Grad iwwert dem südwestlechen an zentrale Frankräich. Dës Wiermt soll sech dann an den Deeg drop weider an de Nordoste viruschaffen. Fir den Dënschden wieren et dann schonn lokal bis zu 33 Grad iwwer Zentralfrankräich, och fir Grouss Deeler vun der Belsch an Holland géif un der Dier vun den 30 Grad gekrazt ginn.


E Waarmloftvirstouss kéint den Temperaturen zu den 30 Grad verhëllefen | Grafik: wxcharts.com

Den Hummer kéim dann um Mëttwoch, 18. Mee: de Modell rechent am Nordweste vun Däitschland, a Nordrhein Westfalen, mat engem Peak vu bis zu 34 Grad – änlech Wäerter kéinten dem Modell no och an der Belsch/an Holland optrieden. Dës Hëtzt kéint dann vum Donneschden un an de Nordoste vun Däitschland gedréckt ginn, iwwerdeems vum Atlantik hier méi kill Loftmasse fir Donnerwieder suerge kéinten.

Wéi sécher ass dësen Zenario?

Wéi ëmmer däerf een an der Meteorologie net nëmmen op ee Modell kucken, mee direkt eng ganz Rëtsch. Een deen ech hei gären ernimme wëll ass virun allem den amerikanesche Wiedermodell GFS. Och dëse gesäit eng potenziell Omega-Wiederlag op eis duerkommen, dëst awer mat manner héijen Temperaturen. Um Méinde wieren iwwer Frankräich 30 Grad dran, um Dënschden och erëm. Um Mëttwoch soll et mat Wäerter vu bis ëm 25 Grad erëm e gutt Stéck manner waarm ginn, ier d’Temperaturen an den Deeg drop weider ofhuele kéinten.

An zu Lëtzebuerg?

Wann een de gemëttelten Zenarie nogeet, da wiere Stand elo fir de Méinden 23 bis 26 Grad virgesinn, um Dënschden 25 bis 30 Grad an um Mëttwoch 24 bis 27 Grad. Duerno kéint et dann mat 22 bis 26 Grad minimal manner waarm virugoen, ier mir fir den iwwernächste Weekend erëm bei 20 bis 24 Grad ukommen.

Omega = immens schlecht fir Nidderschléi

Duerch dat laangt Verbleiwen vun héijem Loftdrock iwwert engem bestëmmte Gebitt ass d’Nidderschlagswarscheinlechkeet entspriechend geréng. Bis den 20. Mee rechent den ECMWF zu Lëtzebuerg mat grad emol 0,2 bis 6 l/m² Reen – an dat och just, falls sech dotëscht mol en Donnerwieder oder eng Schauer forméiere sollt. De GFS ass mat 6 bis 10 l/m² ënnerwee, dat ënnert de selwechten Ëmstänn.


D’Nidderschlagsquantitéite bis den 20. Mee laut dem ECMWF | Grafik: wxcharts.com

Fazit

Dass et méi waarm gëtt, ass zimmlech warscheinlech. Et muss just am Laf vun der Zäit nach gekuckt ginn, wéi héich d’Temperature wierklech klammen a wéi laang se do bleiwen. De Reendefizit ass nach ëmmer dat, wat am aller sécherste bleift.