Geet et de Berechnunge vum amerikanesche Wiedermodell no, da kéint een fir de nächste Weekend schonn mol déi déck Wanterkleedung prettleeën.
Modell rechent ëmmer nach mat markantem Ëmschwong
Natierlech soll ee virsiichteg sinn wann et ëm Prognose geet, déi iwwer 3 Deeg an d’Zukunft ginn. An dësem Fall schéngt den amerikanesche Modell awer un enger konkreter Iddi drun ze sinn: Vum Freiden, 24. November un, rechent en mat engem markanten Temperaturréckgang. Net nëmmen e Schal, eng Mutz a soss déck Kleedung wieren da vu Virdeel, mee eventuell esouguer och de Schlitt! Den europäesche Modell ass nach e bëssen zréckhalend, ass zanter dem Update vu gëschter awer och e klengen Tick méi “optimistesch” ginn wat wanterlech Léisungen ugeet.
D’Konstellatioun
Mir befaassen eis an de nächsten Zeile just mam amerikanesche Modell. Dëse rechent domat, dass sech vum Freiden un en Défidrockgebitt iwwert den ëstleche skandinavesche Raum leet – och Deeler vu Russland sollen dann drënner leien. Zur selwechter Zäit hätte mir et mat héijem Loftdrock bei Island ze dinn, deen sech bis iwwert den ëstlechen Atlantik erof erstreckt. Dëst wier déi perfekt Konstellatioun fir en éischten Abroch vu polare Loftmassen iwwer Mëtteleuropa.
Sollt sech den amerikanesche Modell duerchsetzen, da wiere mir e Mëttwoch mat Maximalwäerter vu just nach 1 bis 2 Grad ënnerwee. En Donneschden an de Freide wier et mat 4 bis 8 Grad erëm e gudden Tick méi mëll, mee dat ass net fir laang. Den eigentleche Schwall u polare Loftmasse wier vun der Nuecht op e Samsden un ze erwaarden, d’Temperature géifen op tëscht -1 a -3 Grad zréckgoen. E Samsde wiere nach Maximaltemperature vun tëscht 2 a 4 Grad dran, e Sonnde just nach 1 bis 3 Grad. De Start an déi iwwernächst Woch géif och wanterlech verlafen.
De Schnéi géif bei all dem natierlech och eng Roll spillen. Mir haten eis dat gëschter schonn kuerz ugekuckt, mee mir geheien muer nach e méi geneeë Bléck drop.
Europäesche Modell “probéiert” sech unzepassen
Et ass zwar nach net definitiv, mee den europäesche Modell schéngt d’Temperaturen elo och erofzeschrauwen, nodeems e gëschter nach méi pessimistesch ënnerwee war. Fir e Mëttwoch, 22. November, rechent en 2 bis 4 Grad als Maximalwäerter. Genee wéi de GFS, soll et fir en Donneschden an de Freiden erëm däitlech méi waarm ginn.
Anescht wéi de GFS et gesäit, soll et de Weekend iwwer awer ëmmer nach tëscht 6 an 10 Grad mëll ginn. Eréischt vum Dënschden (28.11.2023) un géife mir an de selwechte wanterleche Beräich rëtschen, deen den amerikanesche Modell jo schonn méi fréi op eis duerkomme gesäit.