Mëttelfrist: An de leschte Woche vum Joer klëmmt d’Stuermgefor

Ëmmer méi deiten d'Modeller e Westdrift fir déi nächst Wochen un. Dat hätt net nëmmen en Afloss op d'Fro, ob mir wäiss Chrëschtdeeg kréien, mee virun allem klëmmt doduerch d'Gefor vu Stierm.

Advertisement

Advertisement

Modeller ginn ëmmer méi a Richtung Westdrift

De Moment ginn et jo déi wëllst Spekulatioune ronderëmt d’Zäit vun de Chrëschtdeeg. Gëschter hate mir eis e puer dubiéis Berechnungen a Saache Schnéihéichten ugekuckt an ageschat, ob déi iwwerhaapt realistesch sinn. Dat kënnt Dir Iech hei duerchliese, falls Dir et verpasst hutt.

Net nëmmen d’Froen, déi sech ëmt de Schnéi dréinen, ginn interessant – och de Wand kann e relevante Faktor ginn. D’Modeller rechnen ëmmer erëm eng stramm Westwiederlag a Richtung Enn vum Joer. Dës Wiederlag wier zäitweis vu wanterleche Loftmasse gepräägt, deels awer och vu méi mëllen. Schnéi-Zenarien wieren also just kuerzzäiteg mol net ausgeschloss, mee dorëm geet et an dësem Artikel net.


En Déifdrockkomplex installéiert sech warscheinlech iwwert dem skandinavesche Raum | Grafik: wxcharts.com

Déi méi stramm Westwiederlag géif vun engem groussen Déifdrockkomplex ausgeléist ginn, deen sech iwwert de gesamte skandinavesche Raum leet. Zur selwechter Zäit läit e grousst Héichdrockgebitt iwwert dem Atlantik an erstreckt sech iwwer Spuenien a Portugal bis an de Mëttelmierraum. Duerch dës Konstellatioun kéinte mir erëm ënnert eng sougenannt “Déifdrockstrooss” geroden, wéi mir se virun e puer Wochen iwwert eng méi laang Zäit haten. Dat tückescht drun: De Risk vu Stierm geet an d’Luucht. Nieft de Wandfelder, déi elo schonn berechent ginn, sinn och ëmmer erëm spontan Neientwécklunge méiglech, déi sech eréischt e puer Stonne virun antreffen an de Modellkaarten konkretiséieren.

Déi aktuell Iddien

D’Modeller rechnen domat, dass mir bis Mëtt nächst Woch méi oder manner vun déiwem Loftdrock an domat och relevante Wandfelder ofgeschiermt wieren – dat duerch e grousst Héichdrockgebitt, wat mat sengem Kär iwwert den Alpe läit. Ronderëmt den 20. Dezember sollt dëst Héich awer lues a lues verdrängt ginn, esoudass den déiwe Loftdrock en Afloss op eist Wieder kann huelen. Vun dësem Zäitpunkt un géif och de Wand no a no erëm eng gréisser Roll spillen.


Ronderëmt den 20. Dezember kéint eist “Schutzschëld” a Form vun engem Héichdrockgebitt duerchbrach ginn | Grafik: wxcharts.com

Aus aktueller Siicht gesinn kéinte mir dem amerikanesche Wiedermodell no den 21. Dezember ënnert e méi markant Wandfeld geroden, dat mat stiermesche Vitesse vun ëm 80 km/h. Ronderëmt Hellegowend/Chrëschtdag gëtt e Randdéif mat engem markante Stuermfeld berechent – mee well et sech heibäi ëmt e Randdéif handelt, kann een dovun ausgoen, dass et am nächste Modell-Laf schonn erëm ganz anescht ausgesäit. Och a Richtung Silvester klëmmt déi generell Warscheinlechkeet, dass et op d’mannst e gudden Tick méi lëfteg zu Lëtzebuerg gëtt. Och den europäesche Modell gesäit dësen Trend.

De Fazit

Mir si nach ze wäit ewech, fir vun enger glasklorer Prognos ze schwätzen. Wat awer op alle Fall fest steet ass, dass ee sech net wonnere muss, falls et nach viru Silvester zäitweis e gutt Stéck méi stiermesch gëtt. Och eng méi markant Entwécklung kann aus aktueller Siicht gesi net ausgeschloss ginn, mee kommt mir waarde mol nach e bëssen of.