Mëttelfrist-Ausbléck: Modeller erëm mat hëtzegen Aussiichten

D'Wiedermodeller si sech an Tëschenzäit erëm iwwert eng däitlech Erwiermung eenz. De neiste Stand fannt Dir an dësem Artikel.

Summer alles anescht wéi eriwwer

De Moment erliewe mir eng geméissegt Phas mat duerchschnëttleche Summertemperaturen, wat och gutt ass. D’Wiedermodeller gesinn um Horizont erëm där méi hëtzeg Deeg op eis duerkommen, den een Modell erëm bësse méi intensiv wéi den aneren.


ECMWF & GFS si sech iwwert de weidere Wiermt-Virstouss quasi sécher | Grafik: wxcharts.com

Méi waarm ginn soll et schonn vum Weekend un. Fir de Sonnde gi Maximaltemperature vun tëscht 25 an 30 Grad erwaart, wat awer ëmmer nach ganz normal ass. An den Deeg drop soll awer erëm eng Wiermt-Düs un d’Lafe kommen, déi eis erëm eng Hëtzt-Blos aus dem Südweste vun Europa eropschécke soll. Héichsummerlech Temperature mat gutt iwwer 30 Grad kéinten also geschwënn erëm eiser Dagesuerdnung ugehéieren. Haaptsächlech de Mëttwoch, 3. August oder den Donneschden, 4. August kéinten zwee méiglech Deeg sinn, un deenen de Peak vun dësem Virstouss kann erreecht ginn.

Vun zréckhalende Wäerter bis hin zu knapp 40 Grad

An Zuelen heescht dat, dass fir de Méinden bei 25 bis 30 Grad ëmmer nach normal Summertemperaturen um Wierk sinn. Dënschdes soll et mat 27 bis 32 Grad e Stéck méi waarm ginn. Um Mëttwoch kann dann mat 28 bis 33 Grad nach eng Schëpp dropgeluecht ginn, baséierend op de gemëttelten a nach méi zréckhalende Wäerter. Vun dësen ausgoend wiere mir den Donneschde, 4. August bei 30 bis 34 Grad ënnerwee.


De GFS ass fir de 4. August mat knapp 40 Grad ënnerwee. Dëst ass awer eng Extremrechnung a sollt nach net all ze eescht geholl ginn | Grafik: wxcharts.com

Wa mir awer elo alleng just vum direkte Modell-Output vum amerikanesche GFS ausginn, da géifen eis den 3. August Maximaltemperature vu 34 Grad ustoen an de 4. August esouguer 39 Grad. Dem europäeschen ECMWF no géif et den 3. August grad emol fir 35 Grad duergoen.