Mëttelfrist-Ausbléck: Ufanks Dezember gëtt et spannend

An de nächsten Deeg entscheed sech vill an eise Wiederkaarten - waarm oder awer Wanterwieder? Déi éischt Deeg vum Dezember ginn op alle Fall spannend.

Trend bis Enn November steet

Bis Enn November sinn sech d’Modeller ECMWF a GFS driwwer eenz, dass et duerch eng südwestlech Stréimung e klengen Tick méi waarm gëtt resp. bleift. Dat bedeit och, dass d’Temperature generell op d’Moyenne bezunn an engem liicht ze héije Beräich ënnerwee sinn. Dat erhéicht natierlech och d’Warscheinlechkeet, dass d’Joer 2022 generell dat wäermst Joer zanter Opzeechnungsufank ka ginn.

Ier mir eise Kalenner op den Dezember ëmdréinen, gëtt et also e bësse méi mëll. Dagsiwwer kann ee Maximaltemperature vun tëscht 5 an 10 Grad erwaarden, an der Nuecht gëtt de Frascht just punktuell en Thema. Nidderschléi bleiwen och net aus – duerch déi westlech Stréimung ebe ginn ëmmer erëm Nidderschléi vum Atlantik an eis Géigende gelenkt. En Gros ass et bei eis awer ëmmer nach net kal genuch, dass sech realistesch Chancen op Schnéischaueren opdinn.

Obwuel mat Naassem ze rechnen ass, geet a Saache Quantitéiten awer geméissegt virun. Bis den 1. Dezember berechent den ECMWF grad emol tëscht 20 a punktuell 30 l/m² – dat geet nach, et ass näischt weltbeweegendes. D’Sonn kënnt sech och, trotz de méi naasse Momenter, och heiansdo dotëscht weisen. Well den déiwe Loftdrock awer nach ze dominéiere schéngt, huet se definitiv net d’Iwwerhand.

Modell-Wirrwarr an der éischter Dezemberwoch

Wat déi éischt Woch vum meteorologesche Wanter betrëfft, ginn d’Modeller de Moment net wierklech eenz. Tëscht bal all Laf ginn et gréisser Differenzen – dat net nëmmen ënnert de verschiddene Modeller mee och ënnert de selwechte Modeller selwer.


Een vun de GFS-Leef vu gëschter huet nach mat mëllen Temperature fir Ufanks Dezember gerechent | Grafik: wxcharts.com

Beispill: Den 18Z Laf vum GFS vum Méindenowend huet vum 1. Dezember un nach en Ëmschwong op nach méi mëll Loftmasse gesinn, deen op alle Fall mol nach bis ronderëmt de 7. Dezember unhale soll. Wanterlecht Wieder wier duerch esou eng Wiederlag absolut ausgeschloss an et géif mat hierschtleche Verhältnisser & ze héijen Temperature virugoen. De Laf duerno (00Z) huet fir déi lescht November-Deeg e Virstouss vu kale Loftmassen aus Russland berechent, deen d’Iddi vum 18Z Laf erëm iwwert e Koup gehäit… mee net fir ganz: vum 3. Dezember un wier erëm mat enger iwwerduerchschnëttlech waarmer Temperaturdüs aus Süden ze rechnen, ier et den 8. Dezember erëm däitlech méi kal géif ginn.


De neiste GFS Laf weist en däitleche Kontrast: kal Loft aus Russland soll iwwerhuelen | Grafik: wxcharts.com

De neiste Modelllaf, Stand aktuell (22.11.2022 – 13:42 / GFS 06Z) gesäit vum 28. November un eng Dréiung op kill Loftmassen aus dem Oste vum Kontinent, déi sech bis de 7. Dezember verstäerke soll. Géif sech dës Léisung duerchsetzen, dann hätte mir et am Dag mat Temperature vu ronderëmt an och ënnert dem Gefréierpunkt ze dinn – an de Nuechte souwisou. Mir géifen ënner Héichdrockafloss leien, wouduerch keng nennenswäert Nidderschléi géifen optrieden. Sollt et trotzdeem dozou kommen, z.B. duerch eng klengräimeg Stéierung, da kéinten och Flacken optrieden.

Fazit

Haut ass nach net ofzegesinn, fir wéi eng Säit sech d’Kaarten wäerten entscheeden: iwwerduerchschnëttlech mëll oder awer a Richtung Wanter? Fest steet: egal wéi eng Léisung et gëtt, se wäert warscheinlech vun engem gréissere Gewiicht sinn – besonnesch well se och mat driwwer Entscheed, ob d’Joer 2022 dat wäermst oder zweetwäermst Joer zanter Opzeechnungsufank gëtt.