Mëttelfrist-Ausbléck: Ufanks November eng kleng Chance fir méi kill Loftmassen

An de Modellkaarten ass eng Zäitfënster ze erkennen, an där et mat Chance mol erëm zu méi normalen Temperature komme kann.

Chancen aus momentaner Siicht nëmme kleng

Nach deit de Gros vun de Modellrechnungen- a Leef op eng südwestlech, an domat ze waarm Stréimung hin, déi sech bis an de November mat eranzéie soll. Och d’Laangzäitberechnunge gesinn en ze waarme November op eis duerkommen. Et gëtt awer trotzdem e klengen Zäitraum, fir deen déi momentan Modellkaarten awer d’Chance gesinn, dass et op mannst kuerzzäiteg zu méi normalen Temperature komme kéint.

Fir d’éischt mol: bis den 1. November bleift et vill ze waarm fir d’Joreszäit, och zu Lëtzebuerg. Et brauch ee sech keng Hoffnungen iwwer e Réckgang ze maachen. Duerno kann et awer mat Chance tatsächlech ëmschloen – wann och op mannst fir nëmmen eng kuerz Zäit: Den amerikanesche Wiedermodell GFS gesäit fir den 2. November, dass sech den héije Loftdrock a Richtung Osteuropa verlagert. Esou géif dem déiwe Loftdrock, deen vum Atlantik hier erandréckt, Plaz gemaach ginn. Zur selwechter Zäit géif dann och déi südwestlech Stréimung ënnerbrach ginn: et wier dann méi de Westwand, deen eist Wieder prääge géif. Well d’Déifdrockgebitt dann säi Kär nordwestlech vun de britteschen Insele leien hätt, géif et net nëmmen e bësse méi naass ginn, mee och méi kill. Tëscht dem 3. an dem 5. November kann et also de momentane Kaarte no am Dag mat de Maximaltemperaturen op tëscht 7 an 13 Grad zréckgoen.


Minimal Chancen fir e kuerze Réckgang | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

Den europäesche Modell ECMWF rechent vum Mëttwochowend, 2. November un bis de 5. November och mat enger Ofkillung, mee net grad esou “markant” wéi de GFS. Et ass gutt méiglech, dass dëst fir de Moment just esou en Trend an de Modeller ass, ier et awer an de nächsten Deeg no a no erëm méi waarm kéint gerechent ginn. D’Chancen, dass et mëll bis waarm bleift stinn nämlech besser wéi dass et geschwënn wierklech kal gëtt.