
Wat nennenswäerte Reen ugeet, ass an de momentane Modellrechnungen ëmmer nach net vill relevantes ze fannen. De Reendefizit mécht sech also ëmmer méi bemierkbar.
Advertisement
Héichdrockgebitter hunn d’Iwwerhand
Wa mir d’Period vun elo bis e Sonnde kucken, dann dominéieren d’Héichdrockgebitter iwwert déi meescht Zäit. Déi eenzeg Ausnam hu mir vum Freidemëtten un, well eis do aus westleche Richtungen a klenge Schrëtt eng Kalfront méi no kënnt. Duerch dës ass an der Nuecht op e Samschde mat Nidderschléi ze rechnen, och méi verbreet – an awer hält sech d’Intensitéit an och Quantitéit a Grenzen. A leschter Zäit hunn d’Modeller schonn méi oft fir e bestëmmten Datum relevant Reenzomme berechent – a wat mir méi no koumen, sinn déi berechent Zommen awer ëmmer méi kleng ginn. Dëst Muster ass bis ewell virun allem aus deene Jore bekannt, an deene mir et mat méi laangen Drécheperioden ze dinn haten. Geet de momentanen Trend esou virun, da kann ee sech also d’Fro stellen, ob 2025 e Joer ass, an deem d’Dréchenheet nach e gréisser Thema ka ginn.

Mam Bléck op déi nächst Woch gëtt et net besser: Weiderhi gëtt staark Héichdrockaktivitéit berechent. De Globalmodeller ECMWF a GFS no soll et déi ganz Woch iwwer dréche bleiwen, déi nächst Nidderschléi ginn eréischt erëm fir ronderëmt de 9. oder 10. Abrëll simuléiert. Dass sech déi zwee Modeller ënnerteneen fir en Termin, deen esou wäit an der Zukunft läit, eens sinn, ass bemierkenswäert.