
D’Aschätzungen, dass sech ronderëmt Mëtt Abrëll eppes deet, confirméiere sech weiderhin an de momentane Modeller. Mir kënnen eis op gréisser Temperaturschwankungen an och mol erëm Reen astellen.
Advertisement
Ganz kuerz: Wat ännert sech iwwerhaapt?
Eist momentant Héich verlagert sech an de nächsten Deeg an den Oste vum Europa, wouduerch seng uersprénglech Positioun vun Déifdrockgebitter ka beluecht ginn. Vun e Sonnden un wäert sech iwwer West- a Mëtteleuropa generell méi variabelt Wieder astellen, net nëmme spezifesch zu Lëtzebuerg.
Momentan Aussiichten a Saache Schliet an Dimmeren
Aktuelle Modellrechnunge no besteet schonn e Samschdenowend spéit eng kleng Warscheinlechkeet, dass déi éischt eenzel Schaueren aus Frankräich an och der Belsch eist Land kéinten erreechen. E Sonnde sinn se däitlech méi warscheinlech, well vill Modeller an déi Richtung ginn. Och d’Temperature reagéieren drop, well se vu nach 20 bis 24 Grad um Samschden op tëscht 16 an 20 Grad falen. Fir de Wochestart, also e Méinde, gi weiderhi vill Wolleke simuléiert, just sollt sech d’Schaueraktivitéit dem momentane Stand no a Grenzen halen.

En Dënschde wier et dann entweder vum Mëtten oder spéidere Nomëtten un erëm de Fall, dass et duerch Schaueren an och mol eenzel Donnerwieder ëmmer erëm ka naass ginn. Bis dohi sinn d’Onsécherheeten an de Modellkaarten zwar schonn vertrueden, mee nach vill méi markant gi se vum 16. Abrëll un: Fir e Mëttwoch goufen an de leschte Leef ëmmer erëm d’Méiglechkeeten op eng nach méi héich Reen-Schaueraktivitéit berechent, an Tëschenzäit ass et nach besonnesch den amerikanesche Modell, deen där Meenung ass.
Däitlech Berouegung am Verglach zu gëschter
Gëschter gouf eis nach eng méi markant Léisung opgedëscht, duerch déi bis an déi lescht Abrëllsdekad eran tëscht 50 an 100 l/m² Reen gefall wieren, dat op enger Sträif vu Südfrankräich bis erop an eis Géigenden. An Tëschenzäit rechnen d’Modeller zwar ëmmer nach relevant Zommen, mee se si net méi esou héich a sollen och net grad esou séier beieneen erofkommen.

Ingesamt gekuckt rechent den europäesche Modell elo, dass bis de 24. Abrëll an eiser Groussregioun tëscht 25 a 50 l/m² sollen erofkommen. Den amerikanesche Modell GFS ass mat tëscht 30 a 55 l/m² dobäi – momentan wieren se also net méi esou immens ënnerschiddlech.
D’Temperaturentwécklung
No engem mëlle bis waarme Weekend (also dësen), gesäit den amerikanesche Modell fir en Dënschden erëm e Schwall u waarme Loftmasse fir eis Géigenden, duerch deen Wäerter vu knapp 25°C méiglech wieren. Fir déi selwecht Zäit gesäit den europäesche Modell awer méi kill Loftmasse bei eis, déi gutt 10 Grad méi kal ausfale géifen. De Grond dofir ass deen, dass den europäesche Modell d’Déifdrockaktivitéit méi wäit ëstlech leie gesäit an déi mëll Loftmassen esou iwwert den Oste vun Europa géifen ëmgeleet ginn. Et wäert also op e puer 100 Kilometer ukommen, wat an der Meteorologie Peanuts ass.
Dem europäesche Modell no géif eis de 19. Abrëll erëm e Virstouss mat waarme Loftmassen ustoen, deen dës Kéier awer den amerikanesche Modell net esou gesäit. Fir d’nächst Woch ginn et also nach grouss Fragezeichen.
De Fazit
D’Wiederlag stellt sech ëm, dat ass sécher. Wéi d’Verdeelung vun de Nidderschléi wäert sinn, also op Basis vun eiser Groussregioun & eise Nopëschlänner kombinéiert, ass nach net ganz sécher. Sinn et och gréisser Reegebitter oder Schliet, déi éischter e méi lokalt Muster opweisen? Am Fall vum zweete kéint dat, spezifesch op Lëtzebuerg bezunn, op klengstem Raum zu gréisseren Ënnerscheeder a Saache Reequantitéite féieren.
Dat anert sinn d’Temperaturen: Generell sinn Wiermt-Virstéiss méiglech an och tëschenzäitlech beweege se sech insgesamt am iwwerduerchschnëttleche Beräich, mee je no Konstellatioun vun den Drockgebitter kann dann trotzdeem temporär mol eng méi kill Stréimung present sinn. Et ass momentan also e grousst Gerolz an de Modeller ze fannen, bei dem just e puer Kilometer Ënnerscheed vun den tatsächleche Positioune vun den Drock-Kären grouss Auswierkunge kënnen hunn – Butterfly Effect.