Mëttelfrist: D’Modeller gesinn bal 40 Grad fir an enger Woch. Wéi warscheinlech ass dat?

Se sinn erëm do iwwert der Groussregioun: Déi berüümt Modell-40 Grad! Wat ass drun a wéi ass d’Situatioun dës Kéier anzeschätzen?

Advertisement

Markant Berechnungen vun den europäeschen an amerikanesche Modeller

Déi lescht Leef vun de Modeller ECMWF an GFS (europäesch an amerikanesch) weise fir de nächste Weekend/Méinden en immens markante Virstouss vu waarme Loftmasse riicht aus Afrika. Et ass als zimmlech warscheinlech anzestuufen, dass déi waarm Loftmasse bei eis ukommen – manner awer, wéi héich den Thermometer bei eis wierklech klëmmt. D’Berechnunge vun elo den Owend hunn d’Hëtzt zwar erëm e Stéck zréckgerechent, mee dat ännert näischt un der Tatsaach, dass schonn mol 40 Grad fir Deeler vum Nordoste vu Frankräich & de Südweste vun Däitschland opgedëscht goufen, also net wäit ewech vu Lëtzebuerg.


Déi immens waarm Loftmassen, déi de Moment an de Modeller fir e Sonnden ronderëmgeeschteren | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

An der Theorie sinn dës Wäerter also net onméiglech, mee wéi ëmmer heescht et elo mol de Ball flaach ze halen. An der meteorologescher Praxis ass et nämlech esou, dass sech bis un de genannten Zäitpunkt nach ganz villes kann änneren. Och wann den Héichsummer ganz warscheinlech erëmkënnt, sollt een nach net sécher vun dësen extreeme Wäerter ausgoen.

Wat ass dann elo realistesch?

Mam Wëssen, dass nach laang net dat lescht Wuert geschwat ass, kann een aus momentaner Siicht Wäerter vun tëscht 28 an 32 Grad fir e Samsden an 30 bis 35 (lokal 36) Grad als realistesch astuufen. E Méinde kéinte mir dann duerch eng Kaltfront gutt 10 Grad falen.

Heizou wäerten am Laf vun der Woch ëmmer erëm kleng Updates kommen.