Zur momentaner Joreszäit si lëfteg bis stiermesch Ofschnëtter ganz normal. De Berechnunge no bleift d’Potenzial fir esou Wiederlagen och nach a nächster Zäit zu Lëtzebuerg bestoen.
Advertisement
Ëmmer erëm westlech Stréimungen
Am Artikel vun de Moien, an dem mir op d’Sich no endlech mol besserem Wieder gaange sinn, hunn ech et schonn kuerz ugeschwat: D’Warscheinlechkeet, dass mir ëmmer erëm ënner westlech Stréimunge geroden, ass méi héich wéi niddereg. D’Héichdrockgebitter kréien et de Moment immens schwéier gemaach. Duerch dës westlech Stréimungen, am grousse Ganzen och nach Westwiederlagen genannt, kann et awer ënner Ëmstänn och stiermesch ginn, wat awer fir d’Joreszäit ganz normal ass.
Wat soen déi momentan Berechngungen a Saache Wand?
Op dëser Plaz musse mir nach eng Kéier op den Artikel vun de Moie verweisen: De geneeë Verlaf vun den Drockgebitter fir d’nächst Woch ass zimmlech komplizéiert, d’Modeller komme nach net grad op e selwechte Nenner. Geet et dem amerikanesche Modell no, dann hätte mir et reegelméisseg mat Ofschnëtter ze dinn, an deenen et d’Wandspëtzten op tëscht 50 a 60 km/h packen. Zumools a Richtung iwwernächste Weekend gi laut de momentane Berechnungen och mol stiermesch Entwécklunge vu bis ëm 75 km/h net ganz ausgeschloss.
Den europäesche Modell rechent d’Woch iwwer zwar och mat Momenter, an deenen de Wand heiansdo méi spierbar ënnerwee ass – mee se soll am Generellen awer e bësse méi roueg verlafe wéi den amerikanesche Modell dat gesäit. E gréisseren Ënnerscheed ass awer deen, dass dëse Modell, am Géigesaz zum amerikaneschen, fir de Freidemoien an enger Woch e Stuermfeld mat Vitesse bis ëm 80 km/h op eis duerkomme gesäit. Dëst sollt een awer nach net all ze eescht huelen, well et sech éischtens ëmt e Randdéif handelt (immens onberechebar) an och, well et zweetens nach vill ze laang bis dohin ass.
Wat kënne mir schlussfolgeren?
D’nächst Woch wäert et wuel erëm zu e puer méi lëftege Momenter kommen, e stiermeschen ass manner warscheinlech. Sollt sech awer op eemol awer e Randdéif dotëschtdrécken, da géif de Risk fir och e méi stiermesche Wand natierlech an d’Luucht goen, mee dat ass elo mol nach Theorie. Wa sech eppes deet, gitt Dir dat souwisou direkt gewuer.