Mëttelfrist: D’Temperature klamme lues, dotëscht awer och Réckschléi

Obwuel eis Temperaturen elo erëm eng Zäitche lues a lues wäerte klammen, schéngt et sech dobäi net ëmt eng nohalteg summerlech Entwécklung ze handelen. Am Laf vum Mount kënne kleng Réckschléi optrieden.

Advertisement

Déi aktuell Situatioun

Mir leien de Moment ëmmer nach ënnert engem immens variabele Stréimungsmuster, wat eis kee richtegt frëndlecht Wieder bréngt mee awer och net onbedingt immens schlecht Konditiounen. Muer um Méinde gi mir méi genee op de Verlaf vun der neier Wiederwoch an, an dësem hei konzentréiere mir eis méi op d’Entwécklungen vun den Temperaturen.

Den Ausbléck

Eben duerch déi variabel Wiederlag kritt sech ni wierklech e spezifescht Stréimungsmuster duerchgesat – weder nërdlech (kal) nach südlech (waarm). Vum Méinden bis e Mëttwoch leie mir dagsiwwer bei tëscht 13 a 16 Grad, e Mëttwoch kann et och punktuell fir 18 Grad duergoen. Kal ass dat net, mee op d’Joreszäit bezunn kéint et awer schonn en Tick méi waarm sinn. Vum Donneschden un deet sech dann awer eppes: D’Héichdrockgebitt, wat westlech/nordwestlech vun Europa läit an d’Entwécklung vun den Temperaturen zréckhält, gëtt weider a Richtung Norden gedréckt. Esou kënnt eis vum Atlantik hier en Déifdrockgebitt méi no, wat sech vun e Sonnden un probéiert iwwert den äusserste Weste vun Europa ze leeën.


Déi méiglech Wiederlag fir a gutt enger Woch | Grafik: wxcharts.com

Sollt dat esou antrieden, da wiere mir e Samsden an e Sonnden bei 19 bis 22 Grad ënnerwee. E Méinde (13.05) géif sech nach net all ze vill änneren, mee fir en Dënschden (14.03) oder e Mëttwoch (15.03) kéint et dann erëm fir bis zu 24 Grad duergoen. E nohaltege Virstouss vu waarme Loftmasse wier dat awer net, et wier just e kuerze Peak (wann een dat iwwerhaapt esou nenne kann). D’Modeller deite nämlech un, dass eis do hannendrun erëm e klenge Réckschlag aus dem Nordweste kéint ustoen, wat eis erëm gutt ënnert de summerleche Beräich kéint schleideren. Et wäert also net “iwwer Nuecht” zu Summerwieder kommen.

Fazit

Et muss net onbedingt 1:1 genee esou lafen, mee änlech. Déi vergaange Modell-Leef weise virun allem eppes: Et bleift variabel! Dohier kënne mir eis, op d’mannst mol bis an déi zweet Hallschent vum Mee eran, net wierklech op nohaltegt Summerwieder astellen. Et däerf ee gespaant sinn, wat sech wärend der leschter Mee-Dekad wäert doen – abrupt Ännerunge si jo ëmmer nach méiglech.