Nach leien eis Temperaturen an engem ze héije Beräich, mee domat kéint et geschwënn eriwwer sinn. D’Modeller gesinn en Temperaturréckgang um Horizont.
Advertisement
Geschwënn Temperaturréckgang, mee kee richtege Wanter
All ze laang wäert et net méi daueren, da ginn eis Temperaturen erëm e Krack zréck. Dat geschitt awer erëm net direkt vun haut op muer, mee et ass e schläichende Prozess. De Moment leie mir jo mol nach ënnert enger westlecher bis südwestlecher Stréimung, duerch déi eben déi ze héich Temperature bei eis kënnen optrieden. Vun der nächster Woch un soll d’Stréimung awer no a no méi oft och kënnen erëm op nordwestlech Richtungen dréinen, wat bedeit, dass eis Temperature net méi grad esou héich klammen. Dës Richtungsännerung ass nach net definitiv, well tëscht dem Dënschden an dem Donneschde viraussiichtlech awer erëm eng mëll südwestlech Loftmass méiglech ass.
Aus dëser klenger Undeitung kéint dann awer a Richtung éischte Mäerz e bësse méi ginn. Erwaart Iech zwar elo kee markant Wanterwieder, mee et soll einfach just méi oft virkommen, dass mir erëm ënnert enger manner mëller Loftmass leien. Kucke mir eis déi aktuell Ensemblerechnungen vum amerikanesche Modell un, da gesi mir, wéi d’Wäerter kontinuéierlech an a klenge Schrëtt sollen zréckgoen. En abrupte Changement steet also net un – genee esou wéineg wéi dauerhaft Minustemperaturen.
Et gëtt enk fir de Schnéi
Wa sech dës Berechnungen duerchsetzen, da gëtt et wuel immens onwarscheinlech, dass sech an dësem meteorologesche Wanter, deen nach bis den 1. Mäerz geet, nach eng Kéier de Schnéi weise kënnt. Natierlech kann dat och nach am fréie meteorologesche Fréijoer geschéien, mee alleng op de Statistiken aus de leschten 10 bis 15 Joer baséiert ass dëst net all ze warscheinlech.