Wann dës Berechnunge sech duerchsetzen, dann hëlt eis den Abrëll geschwënn erëm zréck op de Buedem.
Advertisement
Temperature fueren erëm Achterbunn
Haut um Dënschden ass et schonn ëm gutt 10 Grad méi kill ginn – mee wa mir eis ukucken, wat d’Modeller fir den Ufank vun der nächster Woch berechnen, da kéint dat just e Virgeschmaach gewiescht sinn.
Ier et awer esouwäit ass, schaffe sech eis Temperature mol nach bis de Weekend inclus no uewen. Muer um Mëttwoch ginn 11 bis 14 Grad erreecht, en Donneschde geet et lokal erëm fir 15 Grad duer. En Ënnerscheed mécht dann de Freide mat 15 bis 19 Grad, de Maximum soll dann de Samsden mat 18 bis 23 Grad erreecht ginn. Vum Sonnden un geet et dem momentane Stand no erëm biergof, ier dann vun e Méinden un e gréissere Changement méiglech wier.
Bis heihin suergt héije Loftdrock iwwert dem Mëttelmierraum an och dem Atlantik fir d’Zoufuer vun de waarme Loftmassen.
Ännerung vun der Haaptstréimung
Fir den Ufank vun der nächster Woch rechnen d’Modeller ECMWF a GFS domat, dass sech den Héichdrockafloss iwwert dem Atlantik méi wäit an de Norde verlagert. Zur selwechter Zäit läit en Déifdrockkomplex iwwer Nordeuropa, resp. dem skandinavesche Raum. Well Déifdrockgebitter géint d’Auer dréinen an Héichdrockgebitter mat, entsteet eng kill nordwestlech Stréimung. Duerch dës ginn eis Temperature net nëmme markant zréck, mee dat ganzt wier dann och mat däitlech méi Nidderschléi an och Wandstéiss verbonnen.
Dem aktuelle Stand no passéiert eis e Méinde schonn mol direkt eng Kalfront, hannendru kéim et zu ville Schaueren. E lokaalt Donnerwieder mat klenge Knëppelsteng (Graupel) wier net ausgeschloss, d’selwecht awer och e puer Stuermstéiss – esou mol den europäesche Modell. Den amerikanesche Modell GFS gesäit net grad esou eng héich Aktivitéit un der Front, an dohier och e manner gutt ausgepräägt Wandfeld.
Wat se awer bis ewell gemeinsam hunn ass, dass et tëscht dem Méinden an dem Mëttwoch zäitweis erëm kéint zu Schnéiflacke kommen. Den europäesche Modell ass doran zimmlech optimistesch, iwwerdeems den amerikanesche Modell just punktuell mol d’Méiglechkeet dovu gesäit. Et kéint also nawell eng richteg variabel Woch ginn – mir halen d’Situatioun am Aen!