De Weekend erwaart eis zwar e markanten Temperaturréckgang, mee de Modellrechnunge no ginn an der nächster Woch wuel erëm nei Versich fir däitlech méi héich Temperature gestart.
Advertisement
No däitlech méi killem Weekend erëm eng Ännerung
Den Temperaturréckgang fir de Weekend kënnt secher – woubäi et a Saache Berechnungen zu eenzelne Schnéiflacken awer nach eenzel Onsécherheete ginn. Eng realistesch Aschätzung dozou hate mir de Mëtten hei ofginn. Wann de Weekend bis duerch ass, soll et schonn erëm biergop goe mat eisen Temperaturen. Besonnesch wann een dem europäesche Modell gleeft, da kéint et kuerz virum iwwernächste Weekend méi wéi 20 Grad waarm ginn.
Europäesche Modell waarm, amerikanesche Modell zréckhalend
Folgend Zeile beschreiwe just d’Momentopnam vun den aktuelle Modellrechnungen.
Wa mir unhuelen, et géif sech guer näischt méi un de mëlle Berechnungen dinn, da wiere mir e Mëttwoch erëm bei Maximalwäerter vun tëscht 12 a 15 Grad ënnerwee. En Donneschde (28.03) géif et op 12 bis 16 Grad eropgoen, ier et dann e Freide (29.03) mat 17 bis 19 Grad däitlech méi waarm géif ginn. Méi wäit kann de Modell nach net rechnen.
Den amerikanesche Wiedermodell hat an de Berechnunge vun haut de Moie nach änlech Berechnungen dran, dësem no wier et de Samsden an d’Géigend vun den 21 Grad gaangen. Den aktuelle Modell-Laf huet d’Zuelen awer erëm op ëm 10 Grad erofkorrigéiert. Domat ass also gewosst: Et bestinn nach gréisser Onsécherheeten! Et gëllt elo ze beobachten, ob sech den europäesche Modell den amerikanesche Berechnungen upasst oder och ëmgekéiert. Eis erwaart also scheinbar nach e richtegt Loftmassegerangel, ier et an den Abrëll erageet.