Mëttelfrist: Esou vill Reen soll bis d’nächst Woch e Sonnden erofkommen

De Moment hält sech de Reen jo zimmlech zréck – nach! Mam Changement, deen eis vun e Méinden un erwaart, gëtt et och erëm méi naass. Wéi vill kënnt dann erëm erof?

Advertisement

Geschwënn gëtt et erëm méi naass

An der nächster Wiederwoch erwaart eis, wéi jo schonn matgedeelt, e markante Réckgang vun eisen Temperaturen. Jo, esouguer eenzel Flacken oder liichte Frascht gi vu verschiddene Modeller erëm berechent.

De Bléck op déi berechent Reequantéite gëtt doduerch och erëm méi interessant: Fällt d’Woch an d’Waasser, oder gëtt et erëm méi oder manner akzeptabel? Fest steet mol: Et gëtt méi naass wéi et an dëser momentaner Woch war.

Déi berechent Quantitéiten

Dëse Weekend ass et meeschtens wollekeg, heiansdo weist sech d’Sonn dotëscht. Trotzdeem hält sech de Reen mol nach zréck, bis e Sonnden inclus gesinn d’Modeller grad emol näischt bis hin zu fläit emol 0,4 l/m² op eis duerkommen. Wa mir den Zäitraum elo op de Sonnden an enger Woch verlängeren, dann ass den europäesche Modell der Meenung, dass mir tëscht 15 a lokal 25 l/m² ze erwaarden hätten. Huele mir déi nei KI-Variant vum europäesche Modell da gesäit och déi tëscht 15 a lokal 30 l/m² op eis duerkommen, wat also net all ze wäit dovun ewech läit. Den amerikanesche Modell ass méi zréckhalend ënnerwee a gesäit tëscht 7 a knapp 15 l/m² op eis duerkommen.


D’Berechnung vum europäesche Modell bis den iwwernächste Sonnden inclus, natierlech eng Momentopnam! | Grafik: wxcharts.com

Domat kéime mir op ongeféier 12 bis 23 l/m² eraus. Méi Modeller kënne mir nach net wierklech mat abezéien, well déi mannst esou wäit an d’Zukunft rechnen. Op alle Fall wäert et sech bei dëse Nidderschléi meeschtens ëm Schaueren handelen – wéivill genee wou erofkënnt, ass also vun der geneeër Zuchbunn vun den jeeweilege Schaueren ofhängeg.

Dëse Mount koume bis ewell, op Radardonnéeë bezunn, tëscht 23 a 46 l/m² erof – just esou als klengen Unhaltspunkt fir déi virdru genannt Zommen, déi d’nächst Woch kënnen erofkommen. Wat kënnt, ass also net d’Welt – mee awer och net näischt. Dëst ass och just eng éischt Interpretatioun, a well et nach esou laang ass och just eng Momentopnam.