Mëttelfrist: Europäesche Wiedermodell huet nach net mam Wanter ofgeschloss

D’meteorologescht Fréijoer ass do a mir gi schonn vu mëllen Temperature “verwinnt”, mee dem neiste Laf vum europäesche Wiedermodell no soll dat net esou bleiwen. Ass et nach ze fréi fir d’Summerpneuen?

Advertisement

Awer nach eng Kéier Frascht a Flacken de nächste Weekend?

Wa mir eis den europäesche Modell ukucken, da musse mir eis dës Fro stellen – déi aner gesinn zwar och en Temperaturréckgang, mee et sollt net méi grad esou kill ginn.

Geet et dem besote Modell no, da géif sech fir de nächste Weekend en Déifdrockgebitt vu Kanada aus an de skandinavesche Raum verlageren, wou et dann géif méi grouss ginn. Grouss Deeler vu Mëttel-/ a Nordeuropa esouwéi och d’brittesch Inselen géifen dann ënnert dem Afloss vun dësem Déif leien. A well Déifdrockgebitter géint d’Auer dréinen, géifen op direktem Wee vill méi kal Loftmassen aus dem héije Norden op Lëtzebuerg transportéiert ginn. A well et sech dann ëmt eng nordwestlech Stréimung handelt, wieren dës zousätzlech och nach naass – an domat wier och de Schnéi erëm an der Course mat dobäi.


Déi momentan Berechnung vum europäesche Wiedermodell fir de nächste Weekend | Animatioun: wxcharts.com

Dohier ass et aus momentaner Siicht gesinn net komplett auszeschléissen, dass de Samsden an och de Sonnden an enger Woch erëm Frascht inklusiv e puer Schnéischauere kéinten optrieden – op d’mannst mol dem europäesche Modell no. Den amerikanesche Modell gesäit och en Temperaturréckgang, deen awer aus momentaner Siicht gesinn just punktuell mol nach eng Flack kéint erausdrécken, mat Fokus iwwert den Alpen.

Ass dat normal fir d’Joreszäit? Op alle Fall, jo! Statistesch gesinn kënnen esou Entwécklunge nach bis an den Abrëll stattfannen, och wann et duerch d’Äerderwiermung an de rezente Joren net dozou komm ass. Wann dës Wiederlag kéim, da wier dat op alle Fall méi normal wéi dat, wat mir de Moment dobaussen hunn – domat sinn déi ze héich Temperature gemengt.