Mëttelfrist: Ginn déi wanterlech Loftmasse geschwënn verdriwwen?

Bis de Weekend mat erwaarden eis fraschteg Nuechten a kill Deeg, mee domat kéint et de momentane Modellrechnunge no geschwënn riwwer sinn.

Wat soll geschéien?

Den europäeschen esouwéi och den amerikanesche Modell rechnen domat, dass den Déifdrockafloss aus westleche Richtungen, also vum Atlantik, erëm wäert zouhuelen. Wann dat geschitt, géifen eis momentan wanterlech Loftmassen erëm dohin zréckgedréckt ginn, wou se hierkoumen. Sollt sech dës Entwécklung duerchsetzen, da kriite mir et erëm mat immens variablem Wieder ze dinn – a falls sech dat méi laang sollt festsetzen, da wier och keen nohaltegt Wanterwieder méi ze erwaarden an dësem Joer. Mee elo mol der Rei no.


De viraussiichtleche Verlaf vun der Grousswiederlag bis den 10. Dezember | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Den Temperaturverlaf fir dëse Weekend hate mir schonn gëschter thematiséiert – et bleift also elo mol nach wanterlech kill. Den europäesche Modell gesäit schonn vum Méinden un e Virstouss vu méi mëlle Loftmassen, mee laut dem amerikanesche Modell kéint sech den Afloss eréischt vum Mëttwoch un esou richteg weisen.

E Méinde klammen d’Temperature viraussiichtlech op tëscht 2 a 4 Grad, am äusserste Norde sinn och 1 Grad méiglech. En Dënschde géif et ganz anescht ausgesinn, do hätte mir et mat Wäerter vun tëscht 5 an 8 Grad ze dinn. Dëst géif sech dann och esou fortsetzen; e Mëttwoch wiere mir bei 5 bis 7 Grad ënnerwee a genee esou géif et dann och bis e Sonnde virugoen. Wann ee just no der Léisung vum amerikanesche Modell geet, wieren esouguer zweestelleg Plusgrade net onméiglech.

De Schnéi kéint also geschwënn “Schnéi vu gëschter” sinn.