Mëttelfrist: Iddi vun éischtem hierschtlechen Ofschnëtt an de Modeller

De Weekend erwaart eis jo nach eng Kéier e Virstouss u méi waarme Loftmassen, mee dat nëmme kuerz. De Grond: Neiste Modeller no soll d’Stréimung ganz op West dréinen, wouduerch mir den éischten hierschtlechen Ofschnëtt inkl. Stuerm ze erwaarden hätten.

Titelbild-Hannergrondkaart: wxcharts.com

Déifdrockdominant Wiederlag méiglech

Dësen Artikel befaasst sech mat der Mëttelfrist, wat heescht, dass et natierlech nach kann zu Ännerunge kommen. Et spigelt de momentanen Trend vun de Modeller ECMWF & GFS erëm, a fir d’nächst Woch kéint et nawell spannend ginn zu Lëtzebuerg.

De Moment mécht sech en Tëschenhéich iwwer Mëtteleuropa breet, duerch dat et bis de Weekend inclus méi waarm gëtt an och meeschtens dréche bleift. Vum Méinden u gëtt d’Héichdrockgebitt awer zimmlech wäit an den Oste vun Europa verdrängt, wat Plaz fir déiwe Loftdrock vum Atlantik hier mécht. An dësem Fall wier et e gréisseren Déifdrockkomplex, deen sech vum nërdlechen Atlantik iwwert déi brittesch Inselen a Skandinavien géif erstrecken an doduerch eben och Lëtzebuerg mat a säin Aflossberäich géif schléissen. Sollt et esou kommen, da kéint een och eng kloer Grenz tëscht Nordeuropa a Südeuropa zéien. Iwwert dem Norden wier et immens variabel, méi kill a lefteg bis stiermesch, iwwerdeems et iwwert dem Süde vum Kontinent zimmlech roueg a waarm wier.


D’Modeller spille mat der éischter hierschtlecher Iddi, inkl. dem Risk vu Stuerm | Animatioun: wxcharts.com

Wéi laang dësen hierschtlechen Ofschnëtt soll undaueren, ass natierlech net kloer – engersäits well d’Situatioun duerch hir zäitlech Distanz nach net an dréchenen Dicher ass, an anerersäits well d’Modeller nach ënnerschiddlecher Meenung sinn. Dem amerikanesche Modell no géif et bis Enn September esou onbestänneg bleiwen, den europäesche Modell gesäit awer ronderëmt den 23. September op e neits d’Chance, dass et erëm zu engem Tëschenhéich mat méi héijen Temperature kéint kommen.

Egal wéi genee et sech duerno wäert ofspillen, d’Joreszäit wiesselt spierbar an déi ugeschwat Wiederlag gëtt ëmmer méi warscheinlech.