Mëttelfrist: Kee nennenswäerte Reen bis (méi wäit) an de Juni eran?

Duerch d’Héichdrockaktivitéit gëtt de Reen a nächster Zäit zimmlech rar – jee no Modellrechnunge kéint et esouguer bis méi wäit an de Juni eran unhalen.

Advertisement

Héije Loftdrock blockéiert den Atlantik

Vum Atlantik hier ass sech amgaangen héije Loftdrock iwwer Mëtteleuropa breetzemaachen. Dëst Héichdrockgebitt soll bis an de Juni eran dofir suergen, dass mir et mat frëndlechem an och waarmem Wieder ze dinn hunn. Et ginn awer och verschidde Modeller, déi bis méi wäit an de Juni eran op eng méiglech Drécheperiod hindeiten.


Déi viraussiichtlech Nidderschlagsquantitéite bis den 10. Juni laut 06er Laf vum GFS | Grafik: wxcharts.com

De Laf vum amerikanesche Wiedermodell, deen de Moien erauskomm ass, rechent bis den 10. Juni mat quasi guer kengem Nidderschlag iwwer BeNeLux. Tendenziell fällt och op, dass d’Quantitéite vu Laf zu Laf och lues a lues zréckgerechent goufen. Sécher ass et zwar nach net, mee dat kéint deemno wéi op eng Drécheperiod hindeiten. Déi eenzeg Nidderschléi déi mol gerechent ginn wieren Donnerwieder, déi sech tëschenduerch op lokal begrenzte Plaze kéinte forméieren. Groussflächege Reen ass also éischter onwarscheinlech.


Déi viraussiichtlech Nidderschlagsquantitéite bis de 6. Juni laut 00er Laf vum ECMWF | Grafik: wxcharts.com

Den europäesche Modell gesäit zwar nach net esou wäit wéi den amerikaneschen, an awer gesäit och de Laf vun haut de Moie vun dësem bis de 6. Juni inclus kee Reen op eis duerkommen. Am Laf vu gëschter Owend war alt e bësse Reen dobäi, mee deen war op punktuell Donnerwieder zréckzeféieren, déi mat “Chance” mol kéinten op lokaler Basis optrieden.

Sollten dës Berechnungen esou oder esou änlech bäigehale ginn, da géif sech eng däitlech méi dréchen Zäit bei eis astellen. An dësem Fall misste mir et dann mat eenzelne Schaueren oder Donnerwieder ze di kréien, fir dass op d’mannst plazeweis e bësse Reen erofkënnt.

Dëst war just eng kleng Interpretatioun vun der momentaner Mëttelfrist a Saache Nidderschléi. Nach ass näischt an dréchenen dicher, mee et gëtt op alle Fall mol am Aen gehalen.