Mëttelfrist: Mécht den Atlantik geschwënn erëm seng Dier op?

Bis Ufanks nächster Woch hëlt de liichten Déifdrockafloss of an héije Loftdrock setzt sech duerch. Fir d’Zäit duerno deiten d’Modeller awer ëmmer erëm un, dass eng méi variabel Stréimung vum Atlantik d’Rudder kéint iwwerhuelen.

Advertisement

Déifdrockgebitt nach bis en Donneschden

Aktuell leie mir ëmmer nach ënnert dem Afloss vun engem Déifdrockgebitt, wat an Tëschenzäit eraus op d’Nordséi gewandert ass. An de nächste Stonne verlagert et sech awer erëm zréck op eise Kontinent wäert en Donneschden am Raum Däitschland/Polen/Tschechien leien. An der Tëschenzäit suergt et bei eis heiheem also nach fir vill Wolleken, zäitweis ass och nach minimale Nidderschlag méiglech – mee wéi gesot, relevant Zomme kommen dobäi net zesummen. D’Sonn ass awer net ganz ze vergiessen, well se sech awer geleeëntlech a kuerz ka weisen. Duerno setzt sech bis ongeféier e Méinden oder en Dënschden, esou de momentane Stand, héije Loftdrock mat däitlech méi kille Loftmasse bei eis duerch – ier et dann duerno e gudden Tick méi variabel ka ginn.

Den Atlantik kéint geschwënn erëm eng Roll spillen

Aktuell begrenzt sech d’Wiedergeschéien heiheem haaptsächlech op dat klengt Déifdrockgebitt an den héije Loftdrock, deen sech jo geschwënn wäert aus dem skandinaveschem Raum hier bei eis duerchsetzen. Wat dobaussen um Atlantik geschitt, hu mir an de leschten Artikele net grouss thematiséiert, well d’Dier dohin zou ass – heescht: d’Grousswiederlag léisst et am Moment net zou, dass atlantesch Déifdrockgebitter e groussen oder entscheedenden Afloss op Lëtzebuerg kënnen hunn. Wéi et schéngt, besteet awer d’Warscheinlechkeet, dass et ronderëmt en Dënschden zu engem Changement ka kommen.


D’Berechnung vum aktuelle GFS-Modelllaf | Animatioun: wxcharts.com

Den amerikanesche Wiedermodell gesäit, dass den héije Loftdrock an de Norden, Osten an deels och Süde soll verdrängt ginn – dat vun engem gréisseren Déifdrockkomplex, deen sech iwwert dem Nordatlantik soll breetmaachen. Ënnert dësem Déifdrockkomplex versti mir e grousse Kär, ronderëmt deen sech ëmmer erëm nach weider kleng Déifer kënne forméieren, déi een an der Meteorologie och nach Randdéifer nennt. Dësem Modell no sollen déi eis dann bis ongeféier den 21. Februar beaflossen, ier d’Struktur erëm méi wackeleg gëtt: Bis Enn Februar schéngen dann erëm Héichdrockgebitter e Versuch ze starten, sech bei eis duerchzesetzen.

Den europäesche Modell ass änlech opgestallt, weist sech a verschiddene Punkten awer trotzdem mat Ënnerscheeder: Dësem no géif den Atlantik bei eis eréischt erëm den 22. Februar eng Roll spillen, an dat bis op d’mannst de 26. Februar – méi wäit gesäit de Modell nach net.

Fazit

Well dës Léisungen elo schonn zanter e puer Modell-Leef vun den zwee Modeller esou berechent gëtt, kann een et wuel als potenziellen Zenario fir déi zweet Hallschent vum Mount interpretéieren. Et ass nach ze fréi fir ze confirméieren, mee mir halen dat awer am Aen. Sollt et esou kommen, da géif et erëm e gutt Stéck méi naass ginn an och de Wand géif dann zäitweis eng Roll spillen.