Mëttelfrist: Méi Modeller probéieren elo de Schnéi zréck op Lëtzebuerg ze kréien

Gëtt déi kal Wiederlag an de nächsten Deeg d’Fundament fir endlech erëm bësse Schnéi? D’Wanterfrënn géife sech op alle Fall driwwer freeën.

Wat fir d’éischt geschitt

Nodeems mir elo de Weekend nach ënner ganz liichtem Déifdrockafloss stinn, leet sech vum Méinden un en Héichdrockgebitt iwwer Mëtteleuropa. Dat féiert net nëmmen dozou, dass et quasi guer net méi reent, mee och, dass et virun allem e gutt Stéck méi kal gëtt. Eis Temperature ginn zäitweis an de méi déiwe Minusberäich zréck. Wéi am Artikel vu gëschter erwäänt, sinn u verschiddenen Deeg och dagsiwwer keng Plusgrade méi dran. Esou Phasen sinn an engem Wanter awer normal.


De Verlaf vum Sonnden bis Mëtt der Woch | Animatioun: wxcharts.com

Den europäesche Modell ECMWF stëmmt dësen Aussiichten zou a gesäit zwar knackeg killt, mee awer och sonnegt Wieder op eis duerkommen.

Wat duerno geschéie kann

Fir déi Zäit drop huet den amerikanesche Modell eng ganz interessant Iddi – an opwuel den europäesche Modell nach net grad esou wäit ka rechnen, weist och deen Unzeechen dofir. D’Iddi ass, dass sech d’Héichdrockgebitt fir de Weekend an enger Woch méi wäit op den Atlantik eraus verlagert,iwwerdeems sech déiwe Loftdrock iwwert den ostskandinavesche Raum esouwéi och de Baltikum leet. Zesumme mat méigleche Randdéifer, déi tëscht dësen zwee gréisseren Drockgebitter duerchflutschen, kënnen zäitweis déi richteg Zutaten fir e Schnéi-Comeback zesummekommen.


D’Iddi vum amerikanesche Modell fir an enger Woch | Animatioun: wxcharts.com

Duerch d’Wiederlag vu nächster Woch géif sech déi kill Loftmass bei eis breetmaachen. Falls dann den elo just beschriwwenen Deel och nach géif zoutreffen, kéim de néidege Nidderschlag dobäi. Fir sech iwwer méiglech Schnéihéichten ze ënnerhalen ass et allerdéngs nach ze fréi. Op alle Fall ass dëst awer eng Chance, un där een als Wanterfrënd ka festhalen.

Mir halen d’Situatioun natierlech zesummen am Joer a bréngen Updates.