Mëttelfrist: Modeller deiten op méi kill Loftmassen hin, liichte Frascht net ausgeschloss

Duerch déi markant Déifdrockaktivitéit iwwert de nërdleche Kreeser & e méiglecht Azorenhéich ergëtt sech demnächst d’Méiglechkeet, dass sech méi kill Loftmassen op Lëtzebuerg duerbeweegen. Ob dat dann awer definitiv ass, däerf ee gären hannerfroen.

Advertisement

Fir eng definitiv Léisung ass d’Grousswiederlag ze variabel

Iwwert dem 45ste Breetegrad hu mir et de Moment haaptsächlech mat Déifdrocksystemer ze dinn, déi bis ewell ëmmer erëm mol zimmlech mëll Loftmassen op Mëtteleuropa gedriwwen hunn. Am Zäitraum vun der Mëttelfrist weist sech elo an de Modeller d’Optioun op e klengen Ëmschwong: Vun der nächster Woch u kéint sech en Azorenhéich installéieren, iwwerdeems iwwert dem Nordweste vun Europa ëmmer nach Déifdrockgebitter leien. Doduerch kriite mir et mat enger nordwestlecher Stréimung an domat och méi kille Loftmassen ze dinn. Dëst wier awer keen Dauerzoustand: Well et sech ëmmer erëm em nei Déifdrockgebitter handelt, déi duerchzéien, géifen och d’Temperaturen entspriechend schwanken.


Déi viraussiichtlech Grousswiederlag vum 5. November un | Animatioun: wxcharts.com

Wa mir eis elo mol reng uewerflächlech déi méiglech Temperaturen ukucken, da wiere mir fir de nächste Méinde bei 7 bis 11 Grad ënnerwee, wat sech dann och als Riichtlinn bis Enn der Woch kéint erginn. Et si méi d’Nuets- a Moiestemperaturen, déi interessant ginn: An der Nuecht op den Dënschden (7.11) wieren tëscht 3 a 5 Grad ze erwaarden, wat sech dann och iwwert de Gros vun der Woch soll zéien. Virun allem fir de Weekend vum 10. November gëtt erëm mat liichtem Loft- an och Buedemfrascht gerechent. Aktuellem Stand no soll sech dat awer net all ze laang halen.

D’Schwankungen tëscht ubruechten Hierschttemperaturen a fir d’Joreszäit ze héije Wäerter kënne sech wuel och duerno nach iwwert eng Zäit zéien, sollt sech genee déi selwecht Varianz an der Grousswiederlag & an der Modeller halen.

Et soll also am Duerchschnëtt e klenge Krack méi kill ginn, e Wanterabroch oder änleches ass awer definitiv net a Siicht – aus aktueller Siicht gesinn.