Den Héichdrockafloss hänkt de Moment nëmme nach un engem dënne Fuedem. En Ëmschwong an der nächster Woch kéint fir vill méi naasst Wieder zu Lëtzebuerg suergen.
Geschwënn erëm stramm Westwiederlag?
Bis e Méinde leie mir nach gréisstendeels nach esou just ënner Héichdrockafloss. De Kär dovu läit awer schonn ëmmer méi iwwert dem Südweste vun Europa esouwéi och iwwert dem Mëttelmierraum. Doduerch kommen eis aus nërdlechen esouwéi awer och westleche Richtunge lues a lues Fronte vun Déifdrockgebitter méi no, wat eis dann viraussiichtlech géint Mëtt der nächster Woch sollt ustoen.
Generell rechnen d’Modeller domat, dass mir erëm ënnert eng stramm Westwiederlag solle geroden. Dat bedeit, dass vum Atlantik hier ëmmer erëm nei Déifdrockgebitter mat hire Frontesystemer kënnen iwwert eis ewechrauschen. Doduerch géif et engersäits däitlech méi naass ginn, anerersäits wieren och stiermesch Zenarien net ausgeschloss. An dësem Artikel befaasse mir eis awer haaptsächlech mam Reen.
Wéi vill soll dann vum Himmel kommen?
Natierlech ass et nach eng gutt Zäit bis mir och déi nächst Woch hannert eis hunn, mee akkumuléiert gesinn (vun elo bis de Sonnden, 11. Februar) gesinn d’Modeller markant Zommen u Nidderschléi op eis duerkommen. Wéi gëschter schonn kuerz ugeschwat, ass d’Warscheinlechkeet, dass eppes dovun als Schnéi erofkënnt, net all ze héich – d’Déifdrockgebitter sollen dofir nämlech en Tick ze wäit nërdlech verlafen. Mee gutt, dat lescht Wuert ass nach net geschwat. Fest steet: Et kéint zimmlech naass ginn.
Den europäesche Modell gesäit vun elo un bis den 11. Februar inclus beispillsweis tëscht 50 an 80 l/m² Reen op eis duerkommen, laanscht den äusserste Weste ginn esouguer bis zu 100 l/m² net ausgeschloss.
Den amerikanesche Modell ass liicht manner offensiv ënnerwee a rechent mat tëscht 30 a 60 l/m². Just laanscht den äusserste Westen kann et e Stéck driwwer goen – d’Tendenz vun den zwee Modeller ass de Moment also genee déi selwecht.
Dat meescht vun dësem Reen soll viraussiichtlech vum Mëttwoch un zustane kommen, ier et de Weekend erëm e bësse manner naass kéint ginn. Et besti just minimal Chancen, dass de Nidderschlag dann och plazeweis mol als Flacke kéint erofkommen.
D’Situatioun kann hisiichtlech méiglechem Héichwaasser also schonn mol virsiichteg am Aen gehale ginn.