Mëttelfrist: Modeller rechne mat vill Reen an der éischter Januar-Woch

De neiste Modellrechnunge no schénge mir zimmlech naass an dat neit Joer eranzestarten. Gréisser Reenzomme si méiglech, wat a Saachen Héichwaasser net onbedingt oninteressant wier.

Advertisement

Advertisement

Westwiederlag dominéiert weiderhin

Déi westlech Stréimung, déi mir elo schonn wochelaang mat eis droen, wäert och nach bis an de Januar era bestoe bleiwen. Et ass domat ze rechnen, dass een Déif nom aneren iwwer Mëtteleuropa zitt, an domat ëmmer erëm Reen op déi selwecht Plaze bréngt. De neiste Berechnunge no kéint Lëtzebuerg esou zimmlech am Fokus vun dëse Nidderschléi leien. Sollt sech d’Situatioun tatsächlech esou ofspillen, da kéint dëst nach relevant ginn fir eis Flëss a Saachen Héichwaasser.

Déi berechent Zommen

Natierlech schwätze mir hei vun Aussiichten, déi sech net mam sécheren Zäitraum vun 2 bis 3 Deeg beschäftegen. Mee obwuel déi éischt Januarwoch Modell-méisseg gesinn esou wäit erausläit, ass d’Muster awer méi oder manner kloer, och wann et am Endeffekt nach kann zu Ännerunge komme wat déi exakt Zomme betrëfft.


D’Reenzommen vum GFS bis de 7. Januar 2024 | Grafik: wxcharts.com

Den amerikanesche Wiedermodell rechent vun elo bis de 7. Januar 2024 akkumuléiert gesinn mat tëscht 50 an 80 l/m² Reen, punktuell soll et och kënne fir 95 l/m² duergoen. Den europäesche Wiedermodell ass net all ze wäit ewech a rechent mat tëscht 50 a 60 l/m², punktuell sinn och 80 l/m² méiglech. Zumools fir déi Géigende westlech vun eis, beispillsweis bei Bouillon an der Belsch, ginn esouguer bis zu 135 l/m² Reen berechent.


D’Reenzommen vum ECMWF bis de 7. Januar 2024 | Grafik: wxcharts.com

Fir ze vergläichen: De Moien huet den amerikanesche Modell nach groussflächeg mat méi wéi 100 l/m² gerechent – et ass also e bëssen zréckgaangen. Esou Ännerunge wäerten awer bis dohi nach e puer mol virkommen – et schwankt hin an hier. Dohier hale mir eis dat bësse méi genee am Aen.

Wa mir eis déi zäitlech Verdeelung ukucken, da wäert et viraussiichtlech wärend dem 2. an dem 3. Januar 2024 am meeschte reenen. An den Deeg drop kéint et gréisstendeels dréche bleiwen, ier dann de Weekend eng Kalfront kéint duerchzéien.