Mëttelfrist: Nach eng Kéier Keelt aus Osten oder schonn lues a Richtung 15°C?

Fir déi nächst Wochen hu mir d’Situatioun, dass waarm Loft aus dem Südwesten a kal Loft aus dem wäiten Osten en Duell mateneen féieren. D’Chancen fir déi waarm Loft stinn liicht besser.

Advertisement

Déi momentan Wiederlag

Elo de Weekend iwwer leie mir mol nach ënnert de Fühleren vun engem Déifdrockgebitt, wat westlech vum Kontinent läit. Tëschenduerch gräift schwaachen Héichdrockafloss dotëscht, deen eis beispillsweis de Moien e bësse Sonn bruecht huet. Geschwënn steet der Saach awer eng wichteg Entscheedung un: Gëtt et geschwënn schonn fréijoersméisseg waarm oder erliewe mir nach eng Kéier en Zoufloss vu wanterleche Loftmassen aus dem wäiten Osten? Reng wat d’Wiederkaarte betrëfft gëtt et zimmlech spannend.

Wat soen d’Modeller?

Vu grousser Wichtegkeet ass den Zäitraum, deen de 7. Mäerz ugeet a sech bis ongeféier an d’Mëtt vum Mount zitt. An dësem hat den europäesche Modell viru kuerzem mol nach en Abroch vu méi killen a wanterleche Loftmassen aus Russland an de Berechnungen, iwwerdeems den amerikanesche Modell méi mat mëlle Loftmassen aus dem Südweste gerechent hat. Kucke mir eis also un, wéi sech d’Situatioun bis dato geännert huet.

Aktuell gesäit den europäesche Modell, dass déi concernéiert kill Loftmassen am virdrun ugeschwaten Zäitstral zwar zum Deel nach e klengen Afloss kënnen op Lëtzebuerg hunn, mee de Gros géif e Stéck nërdlech un eis laanschtdriften.


D’Berechnunge vum europäesche Modell | Animatioun: wxcharts.com

Iwwerdeems géif den déiwe Loftdrock iwwert dem ëstlechen Altantik/westlechen bis südwestlechen Europa u Relevanz gewannen, well duerch dësen däitlech méi mëll Loftmasse géifen op Lëtzebuerg transportéiert ginn. Géif sech dës Berechnung, déi als Momentopnam ze interpretéieren ass, och duerno nach halen, da géif de Mäerz schonn mol zimmlech sécher en däitlech ze mëlle Mount ginn.

Den amerikanesche Modell war vun Ufank un där selwechter Meenung, wéi se den europäesche Modell momentan huet. An Tëschenzäit ass d’Fro, ob déi kill Loftmassen aus dem Osten am genannten Zäitraum e gréisseren Afloss op eis kéinten hunn, guer keng méi sou eng grouss. De Gros vun der Keelt géif nërdlech laanschtgoen, iwwerdeems de Rescht wéi vum europäesche Modell simuléiert berechent gëtt.


D’Berechnunge vum amerikanesche Modell | Animatioun: wxcharts.com

Hannendrun, also fir de 9. Mäerz an driwwer eraus, géifen e puer kleng Déifdrockgebitter ëmmer erëm fir Stéiss mat méi mëlle Loftmasse suergen. Déi eenzeg kill Loftmassen, déi dann nach kéinten an d’Spill kommen, wieren déi, déi op der Récksäit vun dësen Déifer géifen op Lëtzebuerg gelenkt ginn.

Wat seet eis dat?

Et leeft also dorop eraus, dass et nach e richtegt Gerangel tëscht de Loftmasse gëtt. Och wann et zäitweis liicht méi kill ka sinn, besonnesch an de Nuechten, steet eis kee bestännege Wanterabroch méi un. Zumools duerch déi Situatioun, dass et a Richtung Mëtt vum Mount ëmmer erëm zu klengen Déifdrockgebitter aus Weste ka kommen, geet d’Warscheinlechkeet an d’Luucht, dass op d’mannst eent dovun kuerzzäiteg däitlech ze mëll Loftmassen op Lëtzebuerg lenkt. Dorop baséiert, an och op eegener Analys, gi mir dovun aus, dass déi mëll Variante liicht besser Chancen hunn an de nächste Wochen.