
Duerch déi staark Temperaturschwankunge si mir vun iwwer 20°C gëschter erëm an de spéitwanterleche Beräich erofkomm. Vu Mëtt der nächster Woch un besteet, Stand elo, op e Neits d’Chance op Fréijoerswieder.
Advertisement
E markant op an of
Um vergaangene Sonnden hu mir eng Maximaltemperatur vun 22,3°C gemooss, dat un der ASTA-Statioun zu Béiwen/Attert. An Tëschenzäit si mir awer erëm um “Buedem vun den Tatsaachen” ukomm, d’Temperature leien erëm an engem spéitwanterleche Beräich an hu gëschter um Donneschden esouguer fir e puer Schnéireen- a Schnéischauere gesuergt. Wéi schonn am Bléck op de Weekend betount, wäert et awer och dës Kéier net laang esou bleiwen: E weidere Changement gëtt vun de Wiedermodeller ugekënnegt, deen eis deemno wéi op e Neits a Richtung 20°C katapultéiere kéint.

Vun dësem bis de nächste Weekend verlagert sech en Héichdrockgebitt vun de britteschen Inselen a Richtung Südosteuropa a wäert eis duerch dës Beweegung op ënnerschiddlech Aart a Weisen beaflossen. Wa mir awer elo primär bei den Temperature bleiwen, gerode mir vum Mëttwoch un ënnert e méi gënschtege Wénkel, deen sech dann däitlech méi waarm Loftmassen zu Notze kënne maachen – esou mol de momentane Stand vun de Modeller. E Mëttwoch ass et nämlech viraussiichtlech esou, dass eist Héichdrockgebitt mat sengem Kär iwwert dem Balkan ukomm ass, iwwerdeems sech e gréissert Déifdrockgebitt westlech vu Spuenien a Portugal befënnt. Doduerch, dass Héichdrockgebitter mat an Déifdrockgebitter géint d’Auer dréine, kéim lues awer sécher erëm eng méi mëll südlech Stréimung zustanen.
“Optimistesch” Modeller wëllen erëm 20°C net ausschléissen
Et handelt sech heibäi ëmt e mëttelfristegen Artikel, wat automatesch bedeit, dass een opgrond vun enger gewësser Onsécherheet nach am Konjunktiv muss schwätzen – mee wéi mir gemierkt hunn, louchen déi vergaangen Artikele vun dëser Zort zimmlech no un der Realitéit.

Wa mir vum momentanen europäesche Modellstand ausginn, da gëtt eis fir ronderëmt de Freiden, 21. Mäerz, eng richteg fréijoersméisseg Stréimung opgedëscht, duerch déi eis Temperature net méi wäit vun den 20°C ewech géife leien. Den amerikanesche Modell GFS gesäit dat och esou, just sollen d’Loftmassen e klengen Tick manner mëll ausfalen. Am Verglach zu elo géif et awer egal wéi e gutt Stéck méi waarm ginn.
Wa mir elo hyperspekulativ ginn, da wier fir ronderëmt de Méinden, 24. Mäerz esouguer eng Donnerwiederlag net onméiglech. Well dat awer nach e puer mol wäert änneren, huet et elo nach kee Wäert, fir do genee drop anzegoen.