
Primär kann ee soen, dass mir a nächster Zäit kee relevante Reen ze gesi kréien. An der Mëttelfrist, zumools a Richtung 20. Mee, gëtt deels un enger däitlech méi waarmer Stréimung geschafft. Dat kéint interessant ginn.
Advertisement
Omega-Block gëtt ugedeit
Eis Grousswiederlag fänkt sech lues a lues un, erëm liicht ëmzestellen: Bis ewell war et jo en Héich, wat vu Groussbritannien hier lues a lues a Richtung Osteuropa gewandert ass, wat eis no a no dat méi sonnegt Wieder erëm bruecht huet – a genee dat Héich wäert och nach bis an den Ufank vun der nächster Woch era relevant bleiwen. Zur selwechter Zäit läit awer schonn dat nächst Héich westlech vun de britteschen Inselen, wat sech souwuel dem amerikanesche wéi och europäesche Modell no erëm a Richtung Groussbritannie soll beweegen.

Duerch d’Kombinatioun mat engem Déif u senger westlecher Flank an och u senger ëstlecher Flank kéim dëst Héich net méi esou séier vun der Plaz, wat heescht, dass et op d’mannst mol eng Woch op senger Plaz “gefange” wier. An der Meteorologie nennt een dat eng sougenannt “Omega-Wiederlag”, well d’Stréimungsmuster op enger Wiederkaart dem griichesche Buschtaf gläicht. Dës Mustere sinn dofir bekannt, direkt ënnert dem Héich fir bestännegt an deemno wéi och waarmt Wieder ze bréngen, iwwerdeems et ënnert den Déifdrockgebitter lénks a reits dovun zu kräftegem Reen ka kommen.
Sollt sech dat duerchsetzen, da kéim de Reen weiderhin ze kuerz. Fir de Moment gëtt de Kär vum Déif nordwestlech vun eis ugedeit, esoudass mir haaptsächlech um Rand dovu géife matspillen.
De Verlaf fir déi nächst Zäit
Haut um Samschden ass et schonn net méi sou kal: Tëscht 18 an 21°C ginn erreecht, laanscht d’Musel sinn och 22°C net ausgeschloss. Fir muer um Sonnde stinn tëscht 20 a 24°C um Programm, eng punktuell 25°C ass net onméiglech. Fir e Méinde ginn et aus momentaner Siicht gesinn tëscht 19 an 23°C. En Dënschde soll et nach liicht manner waarm ginn, e Mëttwoch awer erëm minimal méi waarm. Generell soll sech vun hei un de Maximum bis e Sonnde viraussiichtlech bei tëscht 19 an 23°C beweegen.
An da kéim de méi spekulativen Deel: Zumools den europäesche Wiedermodell ass de Moment richteg optimistesch wann et drëm geet, d’Summertemperaturen zréck op Lëtzebuerg ze bréngen. Vum Méinden, 19. Mee un wieren erëm 20 bis 24°C dran, en Dënschden änlech. Fir e Mëttwoch kéinte mir punktuell un de 25°C krazen, ier ronderëmt den 22. oder 23. Mee un den 30°C kéint gekrazt ginn. Mee nach eng Kéier: Et ass haaptsächlech den europäesche Modell, deen esou optimistesch ass. Den amerikanesche Modell GFS rechent an där Zäit weiderhi mat Héchstwäerter vun tëscht “just” 19 a 24°C.
Fazit
Eis zwee Globalmodeller deiten alle béid eng Omega-Wiederlag un, mee se sinn an hirer exakter Verdeelung vun den Drockgebitter ënnerschiddlech – wat dozou féiert, dass se virun allem am Spekulatiounsberäich a Saachen Temperature nach esou wäit auserneeginn. Wat de Reen ugeet, si se sech momentan och driwwer eens, dass et mol “sécher” bis den 20. Mee net méi relevant soll reenen.