Mëttelfrist: Schmeierwaarm Zäite mat Donnerwiederrisiko stinn un

Mir haten et jo schonn kuerz ugeschwat, dass eis geschwënn méi waarmt a fläit esouguer fréisummerlecht Wieder usteet. D’Rechnung däerf een awer net esou ganz ouni Schaueren an Donnerwieder maachen.

Advertisement

Vum Weekend u gëtt et méi waarm

De Weekend erreecht eis déi éischt Kéier aus Osten e Schwall u méi waarmen an esouguer summerleche Loftmassen. Zur selwechter Zäit ginn eis aus Westen awer och méi fiicht Loftmassen zougespillt, wat dat Ganzt direkt e gudden Tick méi schmeier mécht. A wéi dat eben ëmmer esou ass, klëmmt dann och de Risk vun eenzelnen (!) Schaueren an Donnerwieder, déi méi kräfteg ausfale kënnen. Dat net nëmmen op Lëtzebuerg bezunn, mee generell eise ganze mëtteleuropäesche Kontinent. Mee elo mol der Rei no.

Den Ufank vun enger waarmer/summerlecher Phas

Fir dëse Weekend gesinn d’Wiedermodeller Maximaltemperature vun tëscht 18 an 21 Grad fir e Samsden op eis duerkommen, e Sonnden ass mat 22 bis plazeweis esouguer 25 Grad ze rechnen. Dëst markéiert den Ufank vun enger waarmer resp. summerlecher Phas, déi sech deemno wéi eng Zäitche bei eis hale kann (Ofhängeg vu verschiddene Faktoren, wéi am weideren Artikel erkläert). Mee spéitstens dann sief awer eben dru geduecht, dass dat elo net mat purer Sonn iwwert d’Bühn geet. Et ginn elo schonn Modeller déi fir de Sonnden e klenge Risk vun eenzelne Schliet gesinn, haaptsächlech e Méinde soll dat an eise Géigenden e bësse méi warscheinlech sinn. D’Temperaturen erreeche viraussiichtlech 24 bis 27 Grad.


Eng Blos u waarme Loftmasse mat hirem Peak e Méinden | Grafik: wxcharts.com

Wichteg ass awer ze wëssen, dass dës Schleit NET flächendeckend optrieden. Se entstinn no Zoufallsprinzip op ganz klenge Punkten a kënne sech duerch de schwaachen Héichtewand net besonnesch séier vu Plaz beweegen. Dat heescht also, dass se do wou se entstinn fir gréisser Reenzommen a kuerzer Zäit suerge kënnen. Jee no Intensitéit besteet op dëse punktuelle Plazen de Risk vun Iwwerschwemmungen, iwwerdeems et just e Kilometer weider komplett dréche bleift. Et wäert esouwisou, op d’Fläch gekuckt, op den allermeeschte Plazen dréche bleiwen.


Signaler fir punktuell kräfteg Schliet e Méinden, en Dënschden änlech | Grafik: wxcharts.com

Och en Dënschde fuere mir nom selwechte Muster virun, dat iwwerdeems Maximaltemperature vun tëscht 18 an 23 Grad.

Duerno Onsécherheeten

Den Trend bis en Dënschden ass méi oder manner kloer, e puer kleng Schwankunge kënne nach optrieden. Duerno gëtt et awer däitlech méi onsécher, well d’Meenung vun de Modeller ausernee ginn. Den europäesche Wiedermodell rechent schonn am Laf vum Dënschde mat enger Ofkillung aus Westen, ier et vum Donneschden un erëm soll méi waarm ginn. Den amerikanesche Modell gesäit zwar och eng liicht Ofkillung, mee däitlech manner spierbar. Déi eenzeg méi markant Ofkillung déi dëse Modell gesäit kéint Ufanks Juni antrieden, mee och dat ass nach net all ze eescht ze huelen – et ännert nämlech mat all neiem Modell-Laf.


GEFS Ensemble bis den 1. Juni | Grafik: meteociel.fr, Edit: Météo Boulaide

De Fazit

Wat kann een elo aus dësem Artikel zéien? D’Deeg ginn definitiv méi waarm zu Lëtzebuerg, an der éischter Hallschent vun der nächster Woch kënne summerlech Temperature vu 25 Grad a méi optrieden. Duerno muss dann ebe gekuckt ginn, ob et wierklech méi kill gëtt (a wéi vill) oder ob sech d’Temperature weider duerchgesat kréien. Den anere Punkt ass dann de Risk vun den immens punktuellen Donnerwieder, déi awer wierklech déi allermannst wäerte betreffen. Do, wou se virkomme, kéint et awer zu warnrelevante Situatioune kommen – net explizit op Lëtzebuerg bezunn, mee generell an engem grousse Raum ronderëmt eist Ländchen.