Mëttelfrist: Sonneg an dréchen Aussiichten, dobäi waarm bis fréisummerlech

Fir de Rescht vum Mount gesinn d’Modeller net méi vill Reen op eis duerkommen. Duerch vill Sonn an agréabel Temperature bleift et gréisstendeels frëndlech.

Advertisement

D’Grousswiederlag

En Héichdrockgebitt, wat iwwert dem Atlantik läit, streckt seng Ärm ëmmer méi a Richtung Mëtteleuropa aus. Doduerch gëtt et an eise Géigenden a nächster Zäit däitlech méi dréchen, d’Sonn weist sech méi oft an och eis Temperature beweege sech an engem agréable Beräich. E richteg intensive Virstouss vum Summer ass zwar nach net grad fir d’Kuerz- oder Mëttelfrist ze gesinn, mee kal wäert et dagsiwwer mat gréisserer Sécherheet net ginn.


De viraussiichtleche Verlaf vun de Loftmasse bis an de Juni eran laut GFS-Modell | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Wa mir elo vum Rescht vun dëser Woch schwätzen, dann ass mat meeschtens frëndlechem Wieder ze rechnen. Sonn a Wolleke wiessle sech of, woubäi sech d’Sonn awer och ëmmer besser duerchsetze kann. En Donneschden erreechen d’Temperaturen e Maximum vun tëscht 17 an 22 Grad, e Freide si mir mat Maximaltemperature vun tëscht 17 an 23 Grad ënnerwee, e Samsde mat 20 bis 23 Grad an e Sonnde mat 21 bis 24 Grad.

Vum Méinden u ginn d’Meenunge vun de Modeller e bëssen auserneen, mee haaptsächlech just wat d’Temperaturen ugeet. Den europäesche Modell gesäit 24 Grad, iwwerdeems den amerikanesche Modell mat grad emol 16 Grad ënnerwee ass. Iwwert d’Mëtt vun der Woch ginn och d’Berechnunge vum europäesche Modell op ëm 20 Grad zréck, fir dann a Richtung Weekend (net dësen, mee deen vum 3. a 4. Juni) erëm potenziell summerlech ze ginn mat ëm 25 Grad. Den amerikanesche Modell ass déi ganz Woch iwwer méi kill ënnerwee wéi den europäeschen, gesäit dann fir de besote Weekend awer och d’Chance op Maximaltemperaturen am summerleche Beräich. Mat bis zu 28 Grad ass en esouguer méi waarm ënnerwee wéi den europäeschen.

Vum Wiederzoustand hier si mir jo meeschtens frëndlech ënnerwee. An de Modeller selwer ginn et awer Tendenzen, déi fir Ufanks Juni trotzdeem eng klammend Warscheinlechkeet fir eenzel Schaueren oder och Donnerwieder gesinn. Dozou awer eng aner Kéier méi, et ass nämlech nach vill ze fréi dofir.