Mëttelfrist: Spéitsummerlech Temperature bis an de September eran

Den éischte September ass meteorologeschen Hierschtufank, mee dat schéngt d’Wieder net ze interesséieren. D’Aussiichte si nawell waarm.

Advertisement

D’Modeller fueren déi waarm Schinn

Nom kuerzen Hëtzt-Peak, deen eis muer um Samsden erwaart, gëtt et erëm e puer Deeg manner waarm. Dat soll awer net fir laang sinn, well d’Modeller vum Dënschden un schonn erëm mat lues a lues méi waarme Loftmasse rechnen. Spéitstens vum Donneschden u wiere mir erëm mat héichsummerlechen Temperature vun op d’mannst 30°C dobäi, esou den aktuelle Modellstand vum Freidemoien. Den amerikanesche Modell gesäit eréischt ronderëmt de 6. September eng Ofkillung op eis duerkommen, iwwerdeems den europäesche Modell schonn éischter, deels ronderëmt den 31. August, e puer Signaler op eng gewëss Instabilitéit gëtt.

Déi erwaart Temperaturen

Geet et dem amerikanesche Modell no, erwaarden eis vum Dënschden un am Südoste vum Land erëm bis zu 25°C. E Mëttwoch wiere mir am ganze Land bei tëscht 24 a 27°C ënnerwee, en Donneschden hätte mir et schonn erëm mat 27 bis 31°C ze dinn. Dës Wäerter géife sech dann iwwert de Freiden an och de Samsde fortsetzen, ier et e Sonnden (01. September) mat 25 bis 27°C e bësse manner waarm géif ginn. Vum Méinden u wiere bis den Donneschden, 05. September, all Dag bis maximal ronderëm 30°C méiglech. E Freide wieren dem Modell no och nach 28°C dobäi, duerno géif et dann biergof goen.


Et geet spéitsummerlech virun, den amerikanesche Modell GFS weist sech am optimisteschsten | Animatioun: wxcharts.com

Wéi gesot, den europäesche Modell gesäit änlech Wäerter, mee net esou laang a wëll eng tëschenzäitlech Ännerung net ausschléissen. Trotzdeem ass et, bei Berécksiichtegung mat den anere Modeller, noleiend, dass eis deemnächst keen Hierschtwieder erwaart. Eng summerlech Phas, fläit och héichsummerlech, ass zimmlech warscheinlech. Déi exakt Temperature mussen awer ofgewaart ginn – déi virdru genannt Wäerter hu sech just op déi aktuell Berechnunge vum amerikanesche Modell bezunn.