
Mir sinn zwar am meteorologesche Fréijoer ukomm, wat awer net heescht, dass mir de Wanter elo definitiv hannert eis gelooss hunn. Et sinn ëmmer nach temporär Réckschléi méiglech, wéi d’Modeller et momentan och undeiten.
Advertisement
D’Grousswiederlag
Vu muer un wäert eisen Héichdrockkär südëstlech vun eis leien: Fir genee ze sinn an engem Beräich, deen sech vum schwaarze Mier bis an den Alperaum erstreckt. Zur selwechter Zäit hu mir et iwwert dem Atlantik mat staarker Déifdrockaktivitéit ze dinn, déi eben doduerch, dass sech d’Héich an den Oste verlagert, eis aus Weste méi no kënnt. Nach spillt se awer keng grouss Roll bei eis, ausser dass et u verschiddenen Deeg nach e gutt Stéck méi mëll ka ginn – fir elo mol!

Et ass ëmmer nach esou, dass fir e Sonnden e grousst Déif virun der Küst vu Portugal berechent gëtt, wat an engem geréngen Ausmooss seng Fühleren och an eis Richtungen ausstreckt. Dat wäert primär a Form vu Wolleke geschéien, ier et um Méinden awer net komplett onméiglech ass, dass et mol e bësse naass zu Lëtzebuerg gëtt. Wat duerno geschitt, gëtt awer zimmlech interessant.
Spéitwanterleche Keeltvirstouss méiglech
Den amerikaneschen esouwéi och den europäesche Modell halen et de Moment fir méiglech, dass sech an der Nuecht op e Méinden en Déif iwwert der Ostséi forméiert, wat duerch seng Dréiung géint d’Auer dann dofir suerge géif, dass op senger Récksäit däitlech méi kill Loftmassen aus dem héije Norden op eise Kontinent erofstréime kënnen. Dës Beweegung géif duerch en Héichdrockgebitt ënnerstëtzt ginn, wat sech iwwert dem nërdlechen Atlantik befënnt. A Richtung 14. Mäerz wandert d’Déif, wat mir elo just ugeschwat hunn, weider a Russland, iwwerdeems sech d’Héich vum Atlantik aus iwwert eisem Kontinent géif breetmaachen.

Vun hei aus ginn et zwou Méiglechkeeten: Dem europäesche Modell no kann dat dofir suergen, dass eis déi kill Loftmasse bis an déi spéit zweet Hallschent vum Mäerz eran kéinten erhale bleiwen. Den amerikanesche Modell gesäit d’Variant, dass sech de Konstrukt kuerz no der Hallschent vum Mount opléist an doduerch schonn geschwënn erëm méi mëll a fréijoersméisseg Loftmasse géifen ugezaapt ginn. Et gëtt also nach spannend.
Wann een et explizit op Schnéi ofgesäit, da besteet haaptsächlech en Dënschden, 11. Mäerz an e Mëttwoch, 12. Mäerz aus aktueller Siicht gesinn eng kleng Chance op net all ze relevant Flacken. Erwaart Iech do also net ze vill. Fir de Rescht géif et dagsiwwer erëm däitlech méi kal ginn, iwwerdeems an de Nuechten och mol méi strenge Frascht dobäi wier.