Zanter dem leschte Bléck iwwert den Tellerrand sinn schonn erëm e puer Deeg vergaangen. D’Chancen op endlech summerlecht Wieder schéngen fir déi zweet Junihallschent an d’Luucht ze goen.
Advertisement
Fir de Moment mol nach ënnerduerchschnëttlech
De meteorologesche Summer ass zwar amgaangen, op de kalendaresche musse mir nach bis den 20. Juni waarden. Momentan ass et allerdéngs alles anescht wéi summerlech zu Lëtzebuerg, well mir et mat enger killer nordwestlecher Stréimung ze dinn hunn. Wa mir elo nach Wanter hätten, da wier et plazeweis esouguer nach eng Kéier fir e puer eenzel Schnéireenflacken duergaangen – wat awer zur momentaner Joreszäit duerch de Sonnestand guer net méi méiglech ass. An awer kann et an de nächste Nuechte mol unzéien, de Buedemfrascht gëtt plazeweis en Thema.
D’Modeller si sech driwwer eenz, dass et Enn der Woch erëm ufänkt, méi waarm ze ginn. All ze vill däerf ee sech dovun zwar net erwaarden, am warscheinlechste soll den Thermometer erëm kënnen op 20 Grad oder liicht driwwer klammen.
Déi méiglech Entwécklunge bis an déi zweet Junihallschent eran
Wann ee sech d’Modellrechnungen iwwerflächlech ukuckt, da mierkt een, dass d’Chancen op summerlecht Wieder an der zweeter Hallschent vum Mount definitiv sollte klammen. Wat awer tëscht den Zeile geschitt, ass vu Modell zu Modell ënnerschiddlech. E gutt Beispill ass de nächste Mëttwoch, fir den den amerikanesche Modell op e Neits Déifdrockaktivitéit iwwert de skandinavesche Länner esouwéi och der Nordséi gesäit. Zesumme mat engem Héich iwwert den Azoren kriite mir et op e Neits mat engem Virstouss vun ënnerduerchschnëttleche Loftmassen ze dinn. Dëse géif, Stand aktuell, esouguer iwwert de Gros vun der Woch bei eis verweilen.
Eng aner Iddi huet awer den europäesche Modell ECMWF, deen d’Déifdrockaktivitéit net iwwer Skandinavie gesäit, mee méi wäit südlech – fir genee ze sinn esouguer knapp nërdlech vu Lëtzebuerg. Duerch d’Rotatioun vum Kär vum Déif géifen iwwer Ëmweeër waarm Loftmassen aus dem ëstleche Mëttelmierraum a Richtung Mëtteleuropa transportéiert ginn, duerch déi et bei eis op alle Fall méi waarm wéi 20 Grad géif ginn.
Wat ech domat soe wëll: Et kënnt, wéi esou oft, genee drop un, wéi sech déi eenzel Käre vun den Drockgebitter verlageren. De Summer ass do, e läit iwwert dem Mëttelmierraum. Op wat mir de Moment waarden ass e Stréimungsmuster, wat eis déi Wiermt och nohalteg op Lëtzebuerg bréngt – mee dat gëtt nach e bësse méi schwiereg.
Hoffnung fir Enn Juni
De rezente Laf vum amerikanesche Modell weist sech e bësse méi optimistesch a gesäit duerch e gréissert Héich iwwert dem Atlantik esouwéi och e flächegt Déif iwwert dem Mëttelmierraum d’Chance op eng gréisser Wiermt-Glack, déi no enger Zäit och eppes fir eis heiheem ze bidden hätt. Mee dat ass leider nach mat vill Konjunktiv verbonnen. Wat mir awer aus dësem Artikel kënne mathuelen ass, dass d’Versich fir summerlecht Wieder zu Lëtzebuerg wäerten zouhuelen. Mir brauche just ëmmer nach e gudde Pak Gedold.